Versichten AbrochZwou presuméiert Täterinne goufe festgeholl

Nodeems en Dënschdeg ee versichten Abroch gemellt ginn ass, konnt d'Police kuerz drop zwou presuméiert Täterinne festhuelen.

© AFP
En Dënschdeg um 15.50 Auer gouf der Police een Abroch zu Téiteng an der Rue Tomas Byrne gemellt. Hei waren zwee Meedercher op der Flucht, wou sech erausgestallt hat, dass déi an ee Bus Richtung Rëmeleng geklomme waren. De Bus ass dunn och zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs gestoppt ginn an déi zwou jonk Frae souzen och dran.

Direkt nieft enger vun de Frae goufe geklauten Objete fonnt an esou goufe béid Fraen och matgeholl op de Police-Büro. Ewéi d'Police de Fluchtwee ofgesicht huet, hu si dunn och Aarbechtsgeschir fonnt, wat si wuel benotzt hunn, fir anzebriechen.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwou mannerjäreg Schwësteren op Dräibur bruecht. Déi geklauten Objeten, d'Aarbechtsgeschir an d'Handye vun de Meedercher goufe saiséiert.

Op Grond vun de geklauten Objete konnt ee weideren Abroch an där Géigend opgekläert ginn.

Am Laf vun der Enquête huet sech erausgestallt, dass déi zwee Meedercher un enger Hausdier geschellt hunn an d'Bewunnerin no Waasser gefrot hunn. Déi hëllefsbereet Seniorin huet déi jonk Fraen an hiert Haus gelooss, wou d'presuméiert Täterinnen du Bijoue geklaut hunn.

No der Enquête konnten déi geklauten Objeten nees un d'Besëtzer zeréckgi ginn.