AppellprozessPrisongsstrofen aus 1. Instanz a gréisserer Drogenaffär confirméiert

Entgéint der Fuerderung vum Parquet général blouf et op der Cour d'appel an der Stad an enger gréisserer Drogenaffär bei de Prisongsstrofen aus 1. Instanz.

Déi 3 Beschëllegt mussen deemno fir tëscht zwee a 6 Joer op Schraasseg; dobäi komme Geldstrofe vu 1.500 bis 20.000 €. An zweeter Instanz hat d'Vertriederin vum Parquet general Prisongsstrofe vun tëscht 3 Joer - mat eventuellem Sursis - an 8 Joer verlaangt. Am 1. Prozess waren am Ganze 7 Leit ugeklot an och veruerteelt ginn.

Den Haaptmann soll tëscht Juni 2015 an Dezember 2016 e puer Kilo Kokain un déi aner Beschëllegt verkaf hunn; d'Drogen aus Holland waren zu Lonkech tëschegelagert ginn a goufe vun do aus an de Grand-Duché bruecht.