VIDEO: PortraitEent vun den neie Gesiichter an der Regierung ass d'Taina Bofferding

D'Fra vu 36 Joer huet sech iwwert ee laangt Engagement an der Partei een Numm an der LSAP gemaach.

E Portrait vum Taina Bofferding (05.12.2018)
D'Fra vu 36 Joer huet sech iwwert ee laangt Engagement an der Partei een Numm an der LSAP gemaach.
E Mëttwoch de Mëtteg gouf d'Taina Bofferding vum Grand-Duc als nei Inneministesch vereedegt. De Pierre Weimerskirch an de Luc Rollmann hu versicht, déi nei Ministesch op engem éischte chargéierten Dag ze suivéieren.

D'politesch Karriär vun der Taina Bofferding huet bei de Jonke Sozialisten ugefaangen.

En éischt politescht Mandat hat si am Gemengerot zu Esch als Conseillère. No de Chamberwalen am Oktober ass si an d'Chamber nogeréckelt, nodeems d'Lydia Mutsch Gesondheetsministesch an der Regierung Bettel 1 gouf.

E Mëttwoch ass en neit Kapitel fir déi studéiert Sozialwëssenschaftlerin ugaangen. Dat an der neier Regierung Bettel 2. Fir d’LSAP ee vun den éischte Schrëtt fir ee Renouveau.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.