Invité vun der Redaktioun (6. Dezember) - Marc SpautzTrëtt net méi un, fir Parteipresident ze ginn

Et wier keng Decisioun, déi hie liichtfankeg getraff hätt, mä hie wéilt, dass d’Partei vun enger Persoun iwwert eng ganz Legislaturperiod gefouert gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz (06.12.2018)
Den CSV-President huet matgedeelt, dass hien am Januar net méi fir dee Poste kandidéiert.

De Marc Spautz trëtt net méi als Kandidat un, fir de Poste vum Parteipresident z'iwwerhuelen. Dat sot den CSV-Parteipresident Marc Spautz um Donneschdeg de Moien op eiser Antenne. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Hie wier zanter 2014 op sengem Poste gewiescht. De Statute vun der Partei no, géif säi Mandat an zwee Joer souwisou oflafen. Et wier de Moment aneren neie Gesiichter d'Geschécker vun der Partei z'iwwerdroen, déi dann d'Partei fir déi nächst Chamberwale kéinte prett maachen. Et wier awer keng Decisioun aus der Hëft gewiescht, huet de Marc Spautz erkläert. Hien hätt och bei de Chamberwale gutt ofgeschnidden, dofir géif hien der Partei och weiderhin zur Säit stoen, wa säi Rot gefrot gëtt.

Wat d'Nimm ugeet, déi zirkuléieren déi de Parteiposte kéinten iwwerhuelen, wollt de Marc Spautz net spekuléieren. Bis de 9. Januar kéinten d'Kandidature gestallt ginn. Schonn eleng datt esouvill Nimm, Wilmes, Engel a Frieden, am Raum stinn, géif weisen, datt d'Partei breet opgestallt wier.

De Marc Spautz huet dann och erkläert, datt hien net an d'Europawale géif matgoen.

Wat de Finanzement vun de Projeten am Koalitiounsaccord ugeet, stellt sech de Marc Spautz d'Fro, wéi d'Regierung sech dat virstellt. D'Majoritéitsparteien missten dobäi schreiwen, wéi si et finanzéiere wéilten.

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.