Stater GeriichtMënschenhandel an anerer zur Prostitutioun gezwongen

Ugeklot sinn eng Fra, déi déi miserabel Lag vun anere Mënschen ausgenotzt soll hunn, an e Mann, dee seng Wunneng dofir zur Verfügung gestallt hätt.

An engem Appartement an der Stad soll eng Fra aner Fraen an och Männer, déi keng Pabeieren haten, zur Prostitutioun forcéiert hunn. An d'Ugeklote war der Police ewell bekannt, wéinst engem Gebai op der Gare, an deem et och zu Prostitutioun soll komm sinn.© AFP (Archivfoto/Symbolbild)
Ënnert anerem wéinst Mënschenhandel kréien zanter e Mëttwoch eng Fra vu 44 an e Mann vu 65 Joer um Stater Geriicht de Prozess gemaach. Der Fra gëtt virgehäit, tëscht Juni 2014 a Juni 2016 an engem Appartement an der Stad op d'mannst 13 Fraen an 3 Männer zur Prostitutioun bruecht ze hunn; si hätt vun der prekärer Lag vun deene Leit profitéiert, déi zum Beispill just en Titre de séjour vun 3 Méint haten.

De Mann da kritt reprochéiert, d'Appartement weiderverlount a gewosst ze hunn, wat lafe géif. Hie soll och doru verdéngt a vun der Fra op d'mannst 1.400 € de Mount kritt hunn, iwwerdeems si vun all Persoun e Loyer vun tëscht 100 an 300 € d'Woch krut.

De Mann sot e Mëttwoch, hien hätt laang Zäit net gewosst, dass et am Appartement zur Prostitutioun koum, ma wéi hien dat wousst, hätt hien d'Leit wëllen erauskréien. D'Fra hirersäits huet erkläert, net gewosst ze hunn, dass d'Leit keng valabel Pabeieren hätten an d'Prostitutioun zu Lëtzebuerg verbuede wär.

Engem Beamte vun der Police judiciaire no hätt alles domat ugefaangen, wéi Leit aus dem Haus sech driwwer beschwéiert hunn, dass sech anerer am Haus prostituéiere géifen; et géife Fraen do an- an ausgoen an ëmmer wiesselen. Den Ugekloten, Proprietär vum Appartement, hätt den Optrag kritt, sech dorëms ze bekëmmeren; et wär e puer Deeg roueg gewiescht, ma dunn hätt et erëm ugefaangen.

D'Fra war der Police iwwerdeems bekannt, wéinst engem Gebai op der Gare, an deem et och zu Prostitutioun komm wär.

Am Januar 2015 koum et zu enger 1. Kontroll: D'Polizisten hätten an een Zëmmer eragesinn, dat späerlech miwweléiert war; d'Fra war deen Dag awer net am Haus. Am Mee 2015 gouf eng zweet Kontroll gemaach: Dunn hätten d'Aussoe vun e puer Frae bewisen, dass de Mann wousst, wat lafe géif, woubäi d'Suen un d'Fra gaange wären.

Déi gouf doropshi gehéiert: Si sot dee Moment, si hätt d'Wunneng zur Verfügung gestallt an de Mann näischt vun der Prostitutioun gewosst. Heimat hätt d'Fra, enger Rechnung vun der Police no, bis Mee 2015 op d'mannst 15.600 € verdéngt; dat wär awer just de Minimum, deen hir nozeweise wär. Am Juli 2015 gouf de Mann du gehéiert, deen alles ofgestridden hätt. Well et am Oktober 2015 Beweiser dofir gouf, dass d'Geschäft weidergelaf ass, koum et am Februar 2016 zu enger Perquisitioun: D'Fra war dunn awer nees net do. Zwee Versich, am Juni 2016, fir si festzehuelen, goungen och donieft, a bei enger weiderer Kontroll am Mäerz 2017 gouf festgestallt, dass kee méi dobanne war. 8 Méint drop, am November zejoert, gouf d'Fra u Lëtzebuerg ausgeliwwert.

Dëse Prozess kënnt en Donneschdeg de Moien op en Enn.