Chamber: Hearing iwwert den Uno-MigratiounspaktADR fuerdert Regierung op, dem Accord net zouzestëmmen

Den neien an alen Ausseminister Jean Asselborn huet der Presidentekonferenz an de grousse Linne presentéiert, wat an deem Text festgehale gouf.

Hearing iwwert den Uno-Migratiounspakt (06.12.2018)
Den neien an alen Ausseminister Jean Asselborn huet der Presidentekonferenz an de grousse Linne presentéiert, wat an deem Text festgehale gouf.

Et ass en Accord mat 10 Prinzipien an 23 Ziler fir eng gemeinsam UN-Migratiounspolitik. Haaptzil wär et déi irregulär Migratioun anzedämmen, respektiv d'Méiglechkeet fir eng legal Awanderung ze verbesseren. D'Liewe vun de Migrante soll an héchstem Moss protegéiert sinn. Vue datt et keen Traité ass, gëtt d'national Legislatioun net domat befaasst. Den Ausseminister Jean Asselborn erkläert, dass et aus dësem Grond och kee Gesetzesprojet géif ginn, deen an der Chamber virgeluecht géif ginn. Den Traité géif keng Ännerunge vun der Praxis erfuerderen.

Uno-Migratiounspakt/Reportage Claudia Kollwelter

Kee Land ass juristesch un dee Pakt gebonnen. Ma Lëtzebuerg a vill aner europäesch Länner hale sech elo schonn un déi Prinzipien. D'blo-rout-gréng Regierung wäert dem Accord den 10. Dezember zu Marrakesch zoustëmmen. Fir d'CSV ginn et eng Partie Problemer am Pakt, zum Beispill wier d'Beschreiwung vum Migratiounsphänomen relativ eesäiteg. Trotz enger Partie Kritikpunkten steet déi gréisst Oppositiounspartei zum Migratiounspakt vun der UNO. De Claude Wiseler schwätzt vun engem Paradigmewiessel.

Bedauert gouf de Widderstand vu Riets géint dee Pakt. D'Geforen, déi un d'Mauer gemoolt géifen, wären net do, esou huet de Jean Asselborn betount.

De Migratiounspakt ass keen internationalen Traité, mee e Pakt an deem d'national Souveränitéit un éischter Plaz steet - dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn den Donneschdeg de Moien an der Chamber am Kader vum Hearing iwwert de Migratiounspakt betount. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat déi Interpellatioun gefrot an den Donneschdeg de Moien um Krautmaart d’Regierung opgefuerdert, net op Marrakesch ze fueren an dee Pakt net matzedroen, well dësen Text voller Widderspréch wier an den Traité géing vill Onkloerheeten an Onsécherheeten hätt an esou Gefor géing brénge fir déi demokratesch Prozesser an d'Pressefräiheet hei am Land. Et wier een der Meenung, d'Migratioun soll aneschters gereegelt ginn.

Déi Lénk an déi nei Partei an der Chamber, d’Piraten hu sech fir de Pakt ausgeschwat.

Am September hat de Premier Xavier Bettel sech jo en faveur vum Migratiounspakt ausgeschwat. Et gëtt awer och schonns eng Petitiounsdemande déi „Nee zum Pakt“ seet, an déi analyséiert gëtt, soubal d’Petitiounskommissioun nei forméiert gouf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.