Strooss war gespaartSchroen Accident op der N28 tëscht Éiter a Bous

Op der Héicht vum Radar koum et um Donneschdeg de Moien zu engem Accident tëscht 2 Gefierer. Eng Persoun war am Auto ageklemmt.

Béid Autoe waren op der selwechter Spur tëscht Bous an Éiter ënnerwee. Nom Radar an enger Rietskéier huet ee vun den Automobilisten aus bis ewell ongekläerter Ursaach d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, huet e Bam ze pake kritt an ass zeréck op d'Strooss geschleidert ginn. Den Auto, deen hannendru gefuer ass, krut net méi gebremst a krut den Auto och nach emol liicht ze paken.

D'Fra am 1. Auto gouf blesséiert a koum an d'Spidol. Am aneren Auto souzen zwou Persounen, déi net blesséiert goufen.

D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart an ass géint 10.20 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

© Olidom Multimedia