FOTOEN A VIDEO - Passation des pouvoirsAll d'Ministèren elo an neien Hänn

E Freideg de Mëtteg goufen am Chancëgläichheetsministère als deem leschte Ministère d'Schlësselen iwwerginn.

© SIP / Julien Warnand, tous droits réservés
No der Vereedegung vun der neier Regierung um Mëttwoch gouf direkt domat ugefaangen, an den eenzele Ministèren d'Pouvoiren ze iwwerginn. Déi éischt Passatioun wa e Mëttwoch schonn, déi meescht waren en Donneschdeg an déi lescht war e Freideg.

Passation des pouvoirs an e sëlleche Ministèren (06.12.2018)
Déi nei Ministeren hu vun hire Virgänger d'Ministèren iwwerholl.


Passatioun um Freideg
Eng LSAP-Politikerin aus dem Süden ersetzt déi aner. E Freideg de Mëtteg war déi lescht Passation des pouvoirs. Am Chancëgläichheetsministère huet d'Lydia Mutsch dem Taina Bofferding d'Schlësselen iwwerreecht. Mat ganz perséinleche Wierder huet d'Lydia Mutsch jidder eenzelem Mataarbechter Äddi a Merci gesot. Si huet betount, datt et e klenge Ministère wier an et eng Chance wier, doduerch jidder eenzele Mataarbechter ze kennen:

"Ech gi mat enger Tréin am A an awer och mat engem laachenden A, well ech éischtens ganz frou hei war an eis Aarbecht, déi mer geleescht hunn, sech weise loosse léisst. Ech hätt natierlech gär nach bësse weidergemaach, mä et gëtt mer eng grouss Satisfaktioun an ech si ganz stolz drop, d'Schlësselen un eng Persoun weider ze reechen, déi frësche Wand an de Ministère wäert bréngen an déi an de leschte Joren als Deputéiert eis Projete matgedroen huet an eis ënnerstëtzt huet fir eis Cause."

Fir d'Taina Bofferding, déi jo schonn en Donneschdeg d'Schlëssele vum Inneministère iwwerreecht krut, ass de Chancëgläichheetsministère an deem Sënn interessant, wëll en och ressort-iwwergräifend ass. Wat sinn dann hir Prioritéiten als nei Ministesch?

"Meng Virgängerin huet vill Initiative geholl a vill Reforme gemaach, déi ech absolut ënnerstëtzen. Ech wëll och an deem Esprit weiderfueren, mä och mat engem méi frësche Bléck Verschiddenes ugoen an do meng Akzenter setzen. E Beispill: d'Reform vun der Egalité salariale. D'Gesetz ass gestëmmt, mä et ass wichteg, elo ze kucken datt dat och um Terrain konkret ëmgesat gëtt a mer déi Gerechtegkeet a sämtleche Beräicher hunn."

D'Taina Bofferding freet sech, dëse Ministère däerfen ze féieren, weess awer net, ob d'Unzuel u Mataarbechter wäert duergoe wéinst der viller Aarbecht. Vue datt geschwë Budgetsopstellunge kommen, wäert dat der LSAP-Politikerin sécherlech nach en Thema am Haus ginn.



Passatiounen um Mëttwoch an um Donneschdeg
Schonn um Mëttwoch war déi éischt Passation des pouvoirs. Um 17.30 Auer war dat am Nohaltegkeetsministère, wou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Ressort vun der Nohaltegkeet vum François Bausch iwwerholl huet. Den neie grénge Regierungsmember Claude Turmes kritt de Schlëssel vum Landesplanungs- an Energieministère.

© SIP/Luc Deflorenne


En Donneschdeg de Moien um 9 Auer war dann d'Passation des pouvoirs am Aarbechtsministère, wou den Dan Kersch d'Successioun vum Nicolas Schmit iwwerholl huet.

Nodeems den Dan Kersch d'Geschécker am Aarbechtsministère iwwerholl hat, huet sech d'Uless, d'Union luxembourgeoise de l'économie sociale et solidaire, zu Wuert gemellt a begréisst, datt am neie Koalitiounsaccord d'Sozial- a Solidarwirtschaft eng grouss Plaz géif anhuelen. Et géif een hoffen, mam Dan Kersch genee esou eng gutt Zesummenaarbecht ze hunn wéi mam Nicolas Schmit.



Um 9.30 Auer huet den Etienne Schneider d'Ressorte bannenzeg Sécherheet an Defense un de François Bausch iwwerginn. Ob déi Ressorte géife bei e grénge Minister passen, war déi lescht Deeg ze liesen an ze héieren. De François Bausch wonnert sech iwwer déi Commentairen. Hie géif net de "Krichs-Ministère" iwwerhuelen, mä d'Defense. Et géif ëm d'Sécherheet vum Land goen, dat wär eng nobel Aufgab. Wat d'Prioritéiten ugeet, ass sécher de Personalmangel bei der Police ee grousse Problem. De François Bausch huet annoncéiert, dass hien alles maache wäert, fir d'Karriäre méi attraktiv ze maach an hie wäert och selwer op den Terrain goen, fir sech déi Saachen unzekucken.

De François Bausch iwwer d'Police


De liberale Lex Delles huet dann den Donneschdeg de Moien d'Ressorte Classes Moyennes an Tourismus iwwerholl. Hien ass en eegestännege Minister, de Mëttelstand bleift awer beim Wirtschaftsministère.

De Lex Delles iwwer seng Aarbecht

De Lex Delles ass respektiv war jo Buergermeeschter zu Munneref. De Steve Reckel iwwerhëlt do seng Plaz un der Spëtzt vun der Gemeng. De Claude Schommer gëtt neie Schäffen zu Munneref.



Passation des pouvoirs en Donneschdeg de Mueren och am Inneministère

Am Inneministère sot den Dan Kersch "Äddi" an d'Taina Bofferding "Moien". Den Dan Kersch huet senger Parteikollegin Taina Bofferding de Schlëssel iwwerginn. An dat viru versammelter Ministères-Ekipp.

Inneministère: Kersch/Bofferding - Reportage Nico Graf


En hänkt jo nach guer net do. Sote Beamten aus dem Inneministère wéi se laanscht d'Ahnegalerie vun den Inneministeren am grousse Sall gaange sinn, laanscht d'Fotoe vun de fréieren Inneministeren. Grad déi 3 lescht, déi do hänken, maache kloer, wat fir eng Passation du pouvoir am Inneministère stattfonnt huet: no deenen éiwegen CSV-Inneministeren hänkt dann do dann deemnächst den Dan Kersch, LSAP, a no him dann iergendwéini d'Taina Bofferding, LSAP.

Den Dan Kersch sot, fortzegoe wier e schwéiere Moment fir hien obschonns en et esou gewollt hätt; hien hätt d' Haus ëmorganiséiert an hien huet nach eng Kéier säi Bilan gelueft an dunn och gewarnt. Et géifen nach grouss Defise virun eis stoen, et wäert net méi einfach ginn, dat an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi komplizéiert géif ginn. D’Taina Bofferding, eng motivéiert jonk Fra, kënnt elo un d’Spëtzt vum Ministère a wéist och genee wat se wëll.

Ier de Schlëssel vum Inneministère iwwerreecht ginn ass huet Taina Bofferding nach eng Zort curriculum vitae presentéiert. Wéi wann dat néideg wär.

D’Taina Bofferding wier gewinnt an engem Team ze schaffen, an enger Gewerkschaft géif een dat gutt a séier léieren. E gemeinsamt d’Zil virun An wier wichteg, esou nach déi fréier Conseiller vun der Gemeng Esch, déi gutt preparéiert wier.  Dat lescht Wuert war awer fir de Just-net-méi-Haushär.



Am Ministère de la Coopération au développement et de l’Action humanitaire huet de Romain Schneider un d'Paulette Lenert iwwerginn.

© © SIP / Jean-Christophe Verhaegen, tous droits réservés


De Kulturministère goung vum Xavier Bettel a Guy Arendt un d'Sam Tanson

Am Kulturministère sinn en Donneschdeg de Mëtteg bei der "Passation des pouvoirs" och déi eng oder aner Tréine gefloss, wéi di ganz Equippe vum Ministère dem Guy Arendt an dem Premier Xavier Bettel Äddi gesot hunn.

© Annick Goerens


"Et hätt ee vill flott a positiv Momenter gehat wou vill Projete weider bruecht goufen", erkläert de Staatsminister Xavier Bettel. An hie wéisst och, dass de Schlëssel beim Sam Tanson a ganz gudden Hänn wär. De Xavier Bettel: "Ech kennen d'Madamm Tanson schonn eng Rëtsch vu Joren an si huet eis, och wann si enger anerer Partei ugehéiert, di lescht Joren ënnerstëtzt an den Efforten déi mir gemaach hunn. An si huet ëmmer objektiv Kritik gemaach fir den Dossier vun der Kultur weider ze bréngen."

Xavier Bettel iwwerreecht de Ministère



Wat sinn dann elo d'Prioritéite vun der neier grénger Ministesch? D'Sam Tanson: "Ech mengen dass an der leschter Legislaturperiod eppes Wichteges geschafft ginn ass an zwar de Kulturentwécklungsplang (KEP) ass entwéckelt ginn. An den huet och eng ganz wichteg Roll am Koalitiounsaccord. Doranner gëtt am Ufank gesot, dass eng Prioritéit definéiert gëtt, wat fir d'éischt soll ëmgesat ginn, dass mer wierklech e gudde Kader schafe fir déi Kulturschafend an d'Kultur-Institutiounen zu Lëtzebuerg. Dass mer gutt zesumme kënne schaffen."

D'Sam Tanson - Prioritéiten



Switch och am Logement

En Donneschdeg de Moie krut d'Sam Tanson dann och scho vum Marc Hansen d'Responsabilitéit fir de Logementsministère iwwerdroen. Et ass e vun de essentielle Ressorte fir déi nei Koalitioun, erkläert di nei Logementsministesch: "Mir hunn am Fong d'Erausfuerderung fir op der enger Säit d'Terrainen ze mobiliséieren, déi fräi sinn, déi mir kënne bebauen. Mir musse wierklech méi nach vun der ëffentlecher Hand aus bauen. Ech mengen déi lescht Jore sinn zwar Efforte gemaach ginn, ma déi musse weider gedriwwe ginn. An da musse mer kucken eis d'Moyenen ze ginn, fir och mat de Gemengen nach besser zesummen ze schaffen. Dass d'Gemengen déi direkt un der Quell setzen och nach méi Terraine mobiliséiert kréien, respektiv op deenen Terrainen déi se schonn hunn, Wunnenge bauen. Mir hunn am Moment ee Logementsmarché den immens héich Präisser huet. T'ass och kee méi do dee behaapt mir géingen d'Präisser drécken, mee mir musse versichen se an der Gitt ze halen. An et geet virun allem och drëm de Leit déi näischt fannen oder sech näischt leeschte kënnen, eng Offer ze maachen. An dat geet vum Logement social, iwwer eng Location à coût modéré, bis hin zu enger Vente mat Emphytéose. Dat heescht mir musse verschidden Zorte vu potentielle Keefer a Locatairë bedéngen.

D'Sam Tanson - Logement



Domadder huet d'Sam Tanson a béide Ressorte méi wéi genuch ze dinn. D'Stater Politikerin huet och ugekënnegt, dass si versiche géif, d'Aarbecht a béide Ministèren zäit-gerecht opzedeelen.

© SIP / Emmanuel Claude, tous droits réservés


Wiessel och an der Agrikultur, der Vitikultur an dem Konsumenteschutz, wou de Fernand Etgen iwwerginn huet un de Romain Schneider an un d'Paulette Lenert.



Och am Sport huet den Haushär gewiesselt: De Romain Schneider huet un den Dan Kersch iwwerginn.



An deen Dan Kersch hat d' Ministeschfunktioune vu Fonction publique a Réforme administrative un de Marc Hansen iwwerginn.



An an der Santé huet d'Lydia Mutsch un den Etienne Schneider iwwerginn.



E Freideg de Mëtteg iwwergëtt d'Lydie Mutsch dann nach dem Taina Bofferding de Chancëgläicheetsministère.

FOTOEN A VIDEOEN: D'Vereedegung vun der neier Regierung.

Den nächsten Dënschdeg mécht de Premier Xavier Bettel seng Deklaratioun an der Chamber iwwer de Regierungsprogramm. E Mëttwoch de Moien an nomëttes sinn dann déi respektiv Debatten.

Offiziellen Timing
- mercredi 5 décembre 2018 17 h 30
Ministère du Développement durable et des Infrastructures
François Bausch / Carole Dieschbourg / Claude Turmes

- jeudi 6 décembre 2018 09 h 00
Ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire
Nicolas Schmit Dan Kersch

- jeudi 6 décembre 2018 09 h 30
Ministère de l'Économie / Ministère de la Sécurité intérieure Salle Reitz (Entresol)
Étienne Schneider / François Bausch / Claude Turmes / Lex Delles

- jeudi 6 décembre 2018 09 h 30
Ministère du Logement
Marc Hansen / Sam Tanson

- jeudi 6 décembre 2018 10 h 30
Ministère des Affaires étrangères et européennes
Romain Schneider / Paulette Lenert

- jeudi 6 décembre 2018 11 h 00
Ministère de l'Intérieur
Dan Kersch / Taina Bofferding

- jeudi 6 décembre 2018 13 h 30
Ministère de la Culture Salle de réunion au 1er étage
Xavier Bettel / Guy Arendt / Sam Tanson

- jeudi 6 décembre 2018 16 h 00
Ministère des Sports
Romain Schneider / Dan Kersch

- jeudi 6 décembre 2018 16 h 30
Ministère de la Santé
Lydia Mutsch / Étienne Schneider

- jeudi 6 décembre 2018 17 h 00
Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs
Fernand Etgen / Romain Schneider

- jeudi 6 décembre 2018 17 h 00
Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative
Dan Kersch / Marc Hansen

- vendredi 7 décembre 2018 14 h 00
Ministère de l'Égalité des chances (Hôtel des Terres Rouges)
Lydia Mutsch / Taina Bofferding

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.