CSVFrank Engel um Poste vum CSV-Parteipresident interesséiert

Dogéint gouf et vum Serge Wilmes keng kloer Ausso zum Interessi a vum Luc Frieden koum esouguer en Dementi.

Frank Engel um Poste vum CSV-Parteipresident intresséiert (06.12.2018)
Dogéint gouf et vum Serge Wilmes keng kloer Ausso zum Interessi a vum Luc Frieden koum esouguer en Dementi.

Nodeems den CSV-Parteipresident Marc Spautz um Donneschdeg de Moien bei eis op der Antenn matgedeelt huet, dass hie seng Kandidatur fir Parteipresident ze ginn, net méi wäert stellen, sot sech den CSV-Europadeputéierte Frank Engel um Mandat vum President interesséiert.

Nom 14. Oktober wäre ganz vill Facteuren anescht gewiescht, wéi ee sech dat erhofft hätt. Et wär een elo an enger Situatioun, wou et noutwenneg wär fir, op Basis vun der Evolutioun déi d'CSV an de leschten 15-20 Joer duerchgemaach hätt, sech esou nei auszeriichten, dass een als Partei nees méi siichtbar, méi erkennbar an an den Aen vun de Leit nees méi relevant gëtt. Bei dem Exercice kéint hien eng kräfteg Hand mat upaken, sou de Frank Engel.

De Frank Engel vun der CSV



De Frank Engel huet d'Impressioun, wéi wann et néideg wier, aus der Partei eng Struktur ze maachen, déi fäeg wier, autonom Politik ze maachen. A Regierungzäite wier dat net ëmmer esou gewiescht, wat awer normal ass, well Regierungsparteien dacks hannert der Regierungsaarbecht zeréckstinn. A 5 Joer an der Oppositioun hätt een et net fäerdegbruecht, de Wieler ee gudde Grond ze ginn, fir ze soen, dofir soll een d'CSV wielen. Et wier een awer nach ëmmer breet opgestallt an deen Enthusiasmus, deen nach do wier, misst ee bündelen an et besser maachen ewéi d'Regierung an dofir misst een d'Partei nei ausriichten.

Bis den 9. Januar kënnen d'Kandidaturen eragereecht ginn. De 26. Januar soll dann um Kongress iwwer dëse wichtege Posten ofgestëmmt ginn.

De Serge Wilmes war um Donneschdeg de Moien net z'erreechen, ma de Stater Schäffen hat eis schonn d'lescht Woch nach eemol confirméiert, dass hien och prett wär, fir Verantwortung z'iwwerhuelen, wann de Parteipresident Marc Spautz sech net méi géing opsetzen. Deen hält sech den Donneschdeg den Owend awer nach bedeckt. Hien huet präziséiert, dass Erneierung net bedeit, nëmmen ee Kapp ze wiesselen, mee et géing bedeiten ee Projet ze hunn, dee vun de Membere gedroe gëtt. Et misst een also als Ekipp schaffen an dat wéilt een an nächster Zäit op de Kongresser maachen an et wier dat, wat fir hien den Ament zielt.

De Serge Wilmes hält sech bedeckt



Een aneren Numm, deen an deem Kontext an de Kreesser vun de Chrëschtlech-Soziale fält, ass dee vum Luc Frieden. Et war Rieds gaangen, datt de President vum Verwaltungsrot bei der BIL a Saint Paul Interessi un dësem Posten soll hunn, well d'Walresultat vum 14. Oktober him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach hätt,  fir vun der CSV als EU-Kommissär op Bréissel geschéckt ze ginn. Dëst huet de Luc Frieden awer um Donneschdeg den Owend dementéiert, hie wéilt net fir de Poste vum CSV-President kandidéieren.

Invité vun der Redaktioun (6. Dezember) - Marc Spautz trëtt net méi un, fir Parteipresident ze ginn

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.