SpritpräisserHausse net schonn den 1. Januar, maximal 1-3 Cent de Liter

D'Regierung plangt eng Hausse vun der Taxe op de Pëtrolsproduiten. Déi geschitt just a klengen Cent-Schrëtter an och nach net op den 1. Januar 2019.

D'nächst Joer solle Bensin an Diesel méi deier ginn, sou steet et am Koalitiounsaccord. Um Donneschdeg huet den neien Energieminister Claude Turmes 1. Detailer ginn.

De Claude Turmes iwwer d'Hausse



Dat geschitt net den 1. Januar an et wäert en éischte „behutsame“ Schratt sinn. Et wär nach näischt definitiv, mä am Spill wär eng Hausse vun 1,2,3 Cent maximal de Liter d'nächst Joer, sou de Claude Turmes. Zesumme mam Pierre Gramegna a mam Carole Dieschbourg misst een dat genee kucken an definéieren. Och d'Auswierkungen op den Tanktourismus, well jo awer de Staatsbudget zum Deel dovunner ofhänkt.

An der ganzer Diskussioun géif een och de sozialen Hannergrond net vergiessen a kee soll am Ree stoe gelooss ginn, deen haut z.B. nach kee gudden ëffentlechen Transport zur Verfügung huet, sou den neien Energieminister Claude Turmes um Donneschdeg de Moien no der Passation des pouvoirs.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.