Uerteel géint 2 Prisonéier12 a 6 Méint Prisong wéint Sträit mat Giischtercher zu Schraasseg

Eemol 12 an eemol 6 Méint Prisong: Dat sinn d'Strofen, zu deenen um Stater Geriicht zwee Prisonéier veruerteelt goufen.

Dat wéinst enger Ausenanersetzung mat Giischtercher, am Abrëll, zu Schraasseg. Dobäi kënnt eng Geldstrof vun all Kéiers 1.000 €, an ee Giischtche krut Schuedenersatz an Héicht vun 2.500 € zougesprach.

Dee Mann war vun de Beschëllegte geschloe ginn. Am Fréijoer war et ë.a. wéinst der Reform vum Strofvollzuch zu Spannungen am Prisong an zu Contestatioune vu Prisonéier komm.