MamerAbriecher klotert mat Hëllef vu Gaardeschlauch op Balcon

E Mëttwoch den Owend géint 20.35 Auer huet zu Mamer an der Rue de Rome ee Mann probéiert an een Haus anzebriechen.

Den Abriecher huet ee Gaardeschlauch geholl an huet deen iwwer d'Gelänner vum Balcon geheit, fir esou eropzekloteren. Hei ass hien allerdéngs vum Haus-Besëtzer iwwerrascht ginn an ass geflücht. D'Spuresécherung war op der Plaz an trotz enger Sichaktioun konnt den Täter net fonnt ginn.

E Mëttwoch den Owend goufen et dann awer nach 6 weider Abréch, alle 6 zu Ollem, ënnert anerem um Boulevard Robert Schuman, an der Rue de l'Indépendance an an der Avenue Grand-Duc Jean. Obwuel ee Police-Hond mat am Asaz war, konnt ee keng verdächteg Persoune fannen. Leit, déi e Mëttwoch tëscht 17 an 20 Auer zu Ollem an an der Géigend verdächteg Saache oder Leit gesinn hunn, si gebieden dëst direkt bei der Police vun Esch ze mellen, dat ënnert der Nummer 4997-5500.

Um Site vun der Police fënnt een all noutwendeg Informatiounen, fir sech géint Abréch ze schützen.