Parking "Thillsmillen"Mann iwwerwältegt an Auto geklaut

E Mëttwoch den Owend géint 20.30 Auer hunn zwou Onbekannt Persounen ee Mann, deen zu Mamer um Parking "Thillsmillen" stoung physesch aggresséiert.

D'Täter hunn de Mann aus sengem Auto gerappt. Ewéi d'Affer um Buedem louch hu si mat Fäischt op de Mann ageschloen an hunn e mat Féiss gerannt. Dono sinn déi zwee Täter an den Auto vum Affer geklommen a sinn a Richtung Koplescht geflücht. Beim geklaute Won handelt et sech ëm ee groen Audi Q2 mat de franséische Placken EZ952AW.