No Sträit tëscht bestuete KoppelMann rebelléiert géint Police-Beamten

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch um 0.30 Auer huet d'Police missen op Réiser fueren, fir do ee Sträit ze schlichten.

Ewéi d'Police zu Réiser ukomm, si si voll an ee Sträit vun enger bestuete Koppel erageroden. De Beamten ass direkt opgefall, dass de Mann alkoholiséiert war an ëmmer méi nervös ginn ass. Iwwerdeems d'Police do war huet hie seng Fra schlëmm beleidegt an huet d'Fra esouguer menacéiert, si ëmzebréngen. Zu der Police huet de Mann esouguer gesot, dass hien ee Messer bei sech hätt. Ewéi d'Beamten zesumme mat der Fra an dem Jong vun der Koppel d'Wunneng verloosse wollt, huet de Mann d'Polizisten ugegraff.

Scho mëttes koum et zu engem Sträit tëscht dem Mann a senger Fra, schonns do war d'Police geruff ginn.