ChamberEt goufe 17 nei Deputéiert vereedegt

En Donneschdeg ass d'Parlament dann nees komplett mat den am Ganze 60 Deputéiert.

© Pierre Weimerskirch (RTL)

45 Deputéiert ware schonn den 30. Oktober vereedegt ginn, d'Sam Tanson an de Lex Delles hunn entretemps an d'Regierung gewiesselt.

© Pierre Weimerskirch (RTL)

Vun deene 17 sinn der 5 eng éischte Kéier um Krautmaart: d'Carole Hartmann DP (Osten) a 4 fir déi Gréng: Djuna Bernard (Zentrum), Stéphanie Empain (Norden), Marc Hansen (Süden) a Carlo Back (Zentrum).

© Pierre Weimerskirch (RTL)

D'Djuna Bernard ass mat 26 Joer dann déi jéngst Politikerin an der Chamber.

De Fernand Etgen DP gouf als neie Chamberpresident gewielt. De Mars di Bartolomeo (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an den Henri Kox (déi Gréng) sinn d'Vizepresidenten.

© Pierre Weimerskirch (RTL)

"Ech kann Iech versécheren, datt ech richteg begeeschtert sinn, de Posten vum Chamberspresident z'iwwerhuelen" sou d'Wierder vum Fernand Etgen um Krautmaart, nodeems hien als Nofolger vum Mars Di Bartolomeo gewielt gouf. Et wier en Neiufank fir den DP-Politiker an hie géing voller Motivatioun u seng nei Tâchen erugoen, huet hien a senger éischter Ried als Chamberpresident betount.

Da goufen et direkt 2 Ofännerunge vum Chambersreglement. D'Zuel vun de Membere vun de parlamentaresche Kommissioune wäert vu 14 op 15 eropgesat ginn. An den zweete Punkt betrëfft d'Petitiounen, wou an Zukunft de Virnumm, Numm a Wunnuert vun de Signataire just verëffentlecht ginn, wann dës d'Accord domat sinn.

En Donneschdeg goufen déi eenzel Chamberkommissiounen nei besat respektiv opgedeelt, ënnert anerem d'Petitiounskommissioun. Nei Presidentin hei ass vun der gréisster Oppositiounspartei CSV, d'Deputéiert Nancy Kemp-Arendt. Si iwwerhëlt des Funktioun vum Marco Schank, deen déi lescht Joren un der Spëtzt vun dëser Chamberkommissioun stoung.

E Freideg de Mëtteg um 14 Auer iwwergëtt d'Lydie Mutsch dann nach der Taina Bofferding de Chancëgläichheetsministère.

Éischt Stëmmen vun de neien Deputéierten

Zanter en Donneschdeg de Mëtteg ass d'Chamber komplett: 15 Fraen a 45 Männer sinn elo am Krautmaart, opgedeelt op 7 Parteien, d'Pirate si jo nei bäikomm.

Nei Stëmmen an der Chamber - Reportage Carine Lemmer

De Fernand Etgen (DP) ass als neie Chamberpresident gewielt ginn. De Mars di Bartolomeo (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an den Henri Kox (déi Gréng) sinn d'Vizepresidenten.

17 Deputéiert goufen de Mëtteg vereedegt: 5 dovunner als ganz nei Parlamentarier. D'Carine Lemmer huet virun hirer 1. Sëtzung mat hinne geschwat.

17Mol also „Je le jure“ de Mëtteg an der Chamber. Déi meescht sinn al Bekannter. 3 fréier Regierungsmemberen: d'Lydia Mutsch, de Guy Arendt an de Fernand Etgen. A 5 ganz nei Gesiichter, déi haut als Deputéiert hiren Eed ofgeluecht hunn. 4 vun hinne si gréng Parlamentarier: Djuna Bernard (Zentrum), Stéphanie Empain (Norden), Marc Hansen (Süden) a Carlo Back (Zentrum). Fir d'DP gouf en Donneschdeg de Mëtteg d'Carole Hartmann aus dem Oste vereedegt.

Wéi geet een un d'Deputéiertemandat erun? D'Fro un déi gréng Stéphanie Empain, 35 Joer al, aus dem Norden. Et wier virun allem wichteg, sou vill wéi méiglech aus dem Koalitiounsaccord ëmzesetzen. Hei hätt een e kloren Optrag an et géif och dru geschafft ginn, dës Punkten no fir ze bréngen.

Eng positiv Nervositéit war haut ze spieren, d'Carole Hartmann vun der DP ass Affekotin, si huet 34 Joer. Et wier en opreegenden awer och flotten Dag fir d'Carole Hartmann. En Dag, dee laang an Erënnerung dierft bleiwen.

D'Djuna Bernard vun déi Gréng ass elo déi jéngst Politikerin an der Chamber. Hat schwätzt vun engem spannende Prozess a betount, dass et wichteg wier jonk Leit an och Fraen an d'Chamber ze kréien.

Jonk Frae sinn also haut an d'Chamber nogeréckelt, mä net nëmmen...och e Pensionär an de Marc Hansen, net dee vun der DP, deen ass jo an der Regierung, mä en neien, grénge Marc Hansen, Apdikter, 50 Joer al, aus dem Süden. Et geet een net onpreparéiert an d'Chamber. D'Partei, esou de Marc Hansen, géif hannert deenen neien Deputéierte stoen an se net eleng loossen.

De Carlo Back ass pensionéierten Dokter. D'Mobilitéit ass ee vu sengen Dadaen an hien ass frou, datt en d'Chance kritt am Parlament matzeschaffen.

Nächsten Dënschdeg ass déi nächst Chamberssëtzung, da mat der Regierungsdeklaratioun vum Premier Xavier Bettel.



D'Opstellung vun der Chamber an Zuelen





D'Opstellung vum Chambersbüro

3 Vize-Presidenten:

Claude Wiseler

Mars Di Bartolomeo
Henri Kox

7 Membere vum Büro:

Martine Hansen
Marc Spautz

Alex Bodry
Josée Lorsché
Gast Gibéryen
Lydie Polfer
Simone Beissel

Generalsekretär: Claude Frieseisen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.