VIDEO: BiissenMonaco mécht eng Daten-Ambassade zu Lëtzebuerg op

D'Monegassen hunn en Donneschdeg en Accord mat Lëtzebuerg ënnerschriwwen, fir en Deel vun engem Datenzenter zu Biissen ze lounen.

Monaco mécht eng Daten-Ambassade zu Lëtzebuerg op (06.12.2018)
D'Monegassen hunn en Donneschdeg en Accord mat Lëtzebuerg ënnerschriwwen, fir en Deel vun engem Datenzenter zu Biissen ze lounen.

Dëse gëtt genau wéi eng Ambassade, als hiren Territoire ugesinn. No Estland ass Monaco dat zweet Land, wat seng sensibel Daten zu Lëtzebuerg ofséchere wëll.

De Backup vun Estland ass geduecht fir de Fall, wou d’Serveren am Land géifen ausfalen, eng Naturkatastroph se géifen zerstéieren oder se geziilt géifen attackéiert ginn.

Monaco dogéint ass einfach net grouss genuch, fir Datenzenter mat 120 Kilometer Ofstand dotëscht opzeriichten, wéi dat allgemeng recommandéiert gëtt.

Daten-Ambassade vu Monaco zu Lëtzebuerg

Monaco mécht eng Daten-Ambassade zu Lëtzebuerg op. D’Monegassen hunn haut en Accord mat Lëtzebuerg ënnerschriwwe fir kënnen en Deel vun engem Datenzenter zu Biissen ze lounen, deen da – genau wéi eng Ambassade – als hiren Territoire ugesi gëtt. No Estland ass Monaco schonn dat zweet Land, wat seng sensibel Daten zu Lëtzebuerg ofséchere wëll.

Estland hat virun eppes méi wéi engem Joer dee weltwäit éischten Accord vun där Zort ënnerschriwwen. Fir hir Donnéeën ze schützen a fir géint all Eventualitéiten ofgeséchert ze sinn, huet Estland zu Lëtzebuerg eng sougenannt E-Embassy, dat heescht eng Ambassade fir Donnéeën, opgemaach. De Back-up vun Estland ass haaptsächlech geduecht fir de Fall wou d’Serveren am Land géifen ausfalen, eng Naturkatastroph se géifen zerstéieren oder se geziilt géifen attackéiert ginn. Den Ament ginn awer nach nëmmen Daten op Lëtzebuerg transferéiert, ouni dass aus Estland direkt dorop zougegraff gëtt. Den Accord mat Lëtzebuerg kläert, dass den Territoire op deem dës Servere stinn, offiziell zum Territoire vum Land gehéiert.

Zu den Donnéeën, déi am Grand-Duché stockéiert gi gehéieren zum Beispill de Populatiounsregëster oder der Regëster mat de Proprietär vun Terrainen. Am Fall vun enger Attack géint Estland oder wa soss eppes geschitt, da kéinten d‘Autoritéiten de Leit hiren Terrain zeréckginn, oder erausfanne wien alles déi estesch Nationalitéit huet.

Monaco ass dogéint einfach ze kléng fir Datenzentere mat genuch Ofstand dotëscht opzeriichten. D’Recommandatioune soen nämlech, dass ronn 120 Kilometer tëscht zwee Zentre solle sinn, fir de Risiko ze miniméieren, dass béid Zentre vun engem Ausfall betraff wieren.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Partie Datenzentere mam héchste Sécherheetsniveau. Hei ass alles duebel ofgeséchert: Zwou verschidde Quelle fir d’Stroumversuergung, zwou Killanlagen an en duebele Schutz géint Feier.

Nieft der stabiller politescher Situatioun, sinn et dës Tier-4-Datenzenteren, déi Lëtzebuerg fir Acteure wéi d’EU, d’NATO oder eenzel Staaten, attraktiv maachen. 

Den Ament gëtt et zu Lëtzebuerg eng 23 Datenzenteren. Den Zenter zu Biissen gehéiert der Firma LuxConnect, bei där de Staat zu 100 Prozent Aktionär ass. Wéi grouss déi monegassesch Daten-Ambassade soll ginn, steet awer nach net fest.


Offiziellt Schreiwes
Partenariat sur l'innovation numérique entre le Luxembourg et Monaco (06.12.2018)
Communiqué par: ministère d'État

© © SIP / Jean-Christophe Verhaegen, tous droits réservés

Le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel et le ministre d'État de Monaco, Serge Telle, ont signé une déclaration d'intention permettant l'ouverture d'échanges constructifs entre les services des deux administrations dans le domaine du numérique. Cette déclaration est l'aboutissement de discussions entre les équipes du Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE), et de la Délégation interministérielle pour la transition numérique monégasque.

À cette occasion, Frédéric Genta, délégué interministériel pour la transition numérique accompagné d'une délégation, s'est rendu le jeudi 6 décembre, au Grand-Duché de Luxembourg pour y rencontrer Xavier Bettel.

Après avoir échangé avec le Premier ministre, Frédéric Genta a visité le Data Center luxembourgeois, qui est une référence en Europe en termes de «green IT».

La Principauté de Monaco et le Grand-Duché du Luxembourg font de la transition numérique une priorité pour accompagner la modernisation de leur administration et favoriser l'innovation sur leur territoire. Les synergies et interactions dynamiques résultant des nouvelles technologies de l'information et de la communication créent en effet de nouveaux enjeux pour nos économies et sociétés.

Dès lors, ce partenariat permettra au CTIE et à la Délégation interministérielle pour la transition numérique monégasque d'organiser un partage d'expertises et d'expérimentations sur des thèmes d'avenir tels que la dématérialisation des démarches administratives, la e-santé, ou la mise en place d'une identité numérique pour chaque résident.

Les deux états lancent également une étude ayant pour objet la sauvegarde des données sensibles dans un data center luxembourgeois avec des garanties d'immunité et de privilèges similaires à celles d'une ambassade. Les données de l'Estonie sont déjà hébergées au Luxembourg sur ce même modèle. Il était devenu stratégiquement important pour la Principauté de trouver une solution pour préserver certaines données contre des risques de cyberattaque ou de catastrophe naturelle, garanties qu'il est impossible de mettre en place sur un territoire de 2 km2.
Le Luxembourg, véritable partenaire de confiance en Europe, héberge aussi des données sensibles telles que celles de l'OTAN ou de l'Union européenne.

Les deux gouvernements se félicitent de la mise en place de ce partenariat lequel s'inscrit pleinement dans le cadre des programmes européens de coopération sur l'innovation et la sécurité numérique. Xavier Bettel a souligné que ce partenariat sur l'innovation numérique renforce le rôle du Luxembourg comme centre de confiance digital et confirme les avancées de l'administration électronique au Luxembourg.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.