VIDEO: Interview mam Realisateur Loïc TansonWann d'Kamerae bis aus sinn: Off Air bei der RTL-Wal-Sendung

Wat leeft, wann d'Kamera net leeft. Wa Politiker virun enger Table Ronde ënnertenee schwätzen.

routwäissgro: Interview mam Realisateur Loïc Tanson (06.12.2018)
Wann d'Kamerae bis aus sinn: Off Air bei der RTL-Wal-Sendung

Dat sinn déi Gespréicher, déi een normalerweis net matkritt. A genee dat wäert sech e Sonndeg änneren. An eiser Serie "routwäissgro" huele mir Iech mat hanner d'Kulisse vun der RTL-Noriichteredaktioun. D'Kollege goufe wärend dem Walkampf an der Walsoirée vun enger Kameraekipp begleet.

Dobäi eraus koume ganz déif Ablécker an d'Aarbecht vun de Journalisten a wéi d'Politiker sou sinn, wann d'Kamera eben eigentlech net leeft.

Mir hunn am Virfeld mam Realisateur Loïc Tanson iwwert dëse méi speziellen Documentaire geschwat.

E Sonndeg den Owend kënnt dir dësen Documentaire da live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu kucken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.