SilvesterinterviewÄr Fro un de Premier Xavier Bettel

Viru de Walen huet hie vläicht selwer net dru gegleeft, mä de Xavier Bettel ass fir weider 5 Joer Lëtzebuerger Staatsminister!

Wat haalt Dir vu senger neier blo-rout-grénger Regierungsekipp, wat vum Koalitiounsprogramm? Sinn et déi richteg Leit op de richtege Plazen an déi richteg Prioritéiten?

Wat si Moossnamen, déi Iech stéieren a wat vermësst Dir? Virun allem, wat sinn déi Froen, déi Dir dem Premier wéilt stellen iwwert seng Politik, seng Visiounen a säi Stil?

Schreift se eis eran! Mir sammele se a gi se weider an eisem grousse Joresenn-Interview mam Xavier Bettel vum Caroline Mart. Mir wiere frou, wann och deen een oder anere bereet wier, seng Fro virun der Kamera ze widderhuelen (net live). An hutt w.e.g. Versteesdemech, datt aus Zäitgrënn wuel net all d'Froen drukomme kënnen. Merci am Viraus!