Ze vill gedronkAutomobiliste streiden, Persoune randaléieren a Bistro a Bus

Op verschiddene Plazen hat d'Police et mat alkoholiséierten Automobilisten, alkoholiséierte Buspassagéier oder alkoholiséierte Clienten ze dinn.

© AFP
Mat engem méi aggressiven Alkoholiséierten hat d'Police et um Mëttwoch de Mëtteg zu Bäreldeng an der Lëtzebuergerstrooss ze dinn. Eng Koppel koum vum Akafen zeréck, wéi si festgestallt hunn, datt en Automobilist an hiert Gefier gerannt war. Wéi si de Mann zu Rieds wollte stellen, ass dësen aggressiv ginn an huet d'Koppel attackéiert. Mat Hëllef vun aneren Zeien konnt hien awer zeréckgehale ginn, bis d'Police dunn do war. De Mann hat däitlech ze vill gedronk, wat den Test och confirméiert huet. Dowéinst gouf de Permis agezunn an de Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.

Op der Kräizung vun der Rue Porte Neuve an dem Boulevard Prince Henri an der Stad war da kuerz no Mëtternuecht um Donneschdeg en Automobilist duerch eng rout Luucht gefuer an ass an en anert Gefier gerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Och hei hat de schëllege Chauffer ze vill gedronk an huet de Permis missten ofginn.

Tëscht Sandweiler a Réimech huet d'Police dunn e Mann kuerz viru 4 Auer aus dem Verkéier gezunn. Zeien hate gemellt, datt hei e Gefier ëmmer nees op d'Géigespur fiert an och den Tempo ëmmer nees drastesch geännert huet. Am Ausgang vun Aassel gouf de Chauffer gestoppt an de Permis gouf him ofgeholl.

Um fréien Donneschdegmoien huet d'Police an der Rue d'Anvers an der Stad en Automobilist gestoppt, dee vill ze séier ënner war. D'Police ass him nogefuer an d'huet déi blo Luuchten ugemaach, fir d'Gefier ze stoppen. De Chauffer ass dono och direkt stoe bliwwen, an et gouf eng Alkoholkontroll gemaach, déi positiv war. Um Policebüro kuerz dono war de Mann awer net méi esou kooperativ an huet en zweeten Alkoholtest oder eng Bluttprouf ofgeleent. Dat huet hien awer net virun engem provisoresche Fuerverbuet gerett.

En aneren alkoholiséierte Mann huet zwar am Stroosseverkéier net gehënnert, dofir awer an engem Bistro. D'Police gouf alarméiert, well de Mann d'Gäscht aus engem Lokal an der Rue Sts. Pierre et Paul an der Stad gestéiert huet, wéi hie mat enger anerer Persoun gestridden huet. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hat de Mann eng kleng Blessur am Gesiicht, wollt awer vun enger Ausernanersetzung näischt wëssen. Och ass hien der Opfuerderung vun de Beamten net nokomm, fir heem ze goen. Dofir awer huet hie sech nieft eng Fra gesat an ass dëser un d'Bee gaangen. Dono huet hien dunn de Bistro verlooss, ass awer virun der Dier nees aggressiv ginn an ass och absichtlech an d'Poliziste gerannt. D'Nuecht duerft hien dono am Passagearrest verbréngen.

Eng ähnlech Situatioun gouf et an der Rue de Bonnevoie, hei hat den alkoholiséierte Gaascht vum Bistro verschidde Saache futti gemaach a wollt sech mat engem anere Client klappen. D'Wiertsfra huet d'Police geruff, ma wéi déi ukomm sinn, war de Randaléierer scho fortgelaf. Hie war awer net wäit komm, well e puer Stroosse méi wäit huet een de Mann héiere jäizen. Sech berouegen an Ausschlofe konnt hien um Policebüro.

Eng Busfuererin zu Esch hat dann och mat engem Mann ze dinn, deen ze vill gedronk hat, aner Passagéier aggresséiert huet a partout net aus dem Bus wollt erausklammen. Op der Gare gouf hie vu Polizisten empfaangen, wat him net gefall huet. Aus Protest huet hie sech dunn op d'Strooss geluecht. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, huet och hien am Passagearrest geschlof.