An der Stad an zu DiddelengChrëschtbam an engem Café a Gasfläsch op Chrëschtmaart a Brand

Wéi de CGDIS mellt, huet et en Donneschdeg den Owend ee Mol an der Stad an eng Kéier zu Diddeleng gebrannt.

Géint 18.15 Auer en Donneschdeg den Owend war an engem Café an der Montée du Grund an der Stad ee Chrëschtbam a Brand geroden. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt.

Zu Diddeleng op der Gemengeplaz, wou den Ament de Chrëschtmaart ass, stoung géint 19.30 Auer op eemol eng Gasfläsch a Flamen. Déi lokal Pompjeeën waren am Asaz.