Parlamentaresch FroMedieminister ënnersträicht: Radio 100,7 kann onofhängeg schaffen

D’editorial Onofhängegkeet vum Radio 100komma7 an d’Onofhängegkeet vu senger Redaktioun wiere confirméiert.

Net manner wéi 14 Froen huet den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner an enger parlamentarescher Fro vum 13. November un de Medieminister gestallt. Et goung em d'Zukunft vum Radio 100,7.

Ugeschwat ginn ënner anerem d'Aussoe vum President vum Verwaltungsrot Laurent Loschetter, dee sech als "Vertrauensmann" vum Medieminister bezeechent hat, mä den Deputéierte wollt och gewuer ginn, ob den aktuelle System vu Gouvernance net riskéiert "politiséiert" ze ginn a wéi et mat der Onofhängegkeet vum Radio steet.

D'Äntwert vum Xavier Bettel läit elo vir an déi ass kloer.

D'Redaktioun vum Radio 100,7 ka komplett onofhängeg senger journalistescher Aarbecht nogoen, dat war esou an ass esou, seet de Minister a verweist ënner anerem drop, fir dat z'ënnersträichen, op eng kritesch Chronik vum 2. Oktober vun der Chefredaktioun. De Constat vun der redaktionneller Onofhängegkeet wier och duerch d'Peer Review vun der EBU confirméiert ginn.

Fir all Douten an deem Sënn auszeschléissen, confirméiert de Xavier Bettel nach emol d'Aussoen, datt zesumme mat der Chamber soll e breeden Debat gefouert ginn, fir d'Gouvernance vun der Radio-Chaîne eventuell ze verbesseren. En Timing heifir gëtt net genannt.

Aussoe vu Membere vum 100,7-Verwaltungsrot wëll de Medieminister iwwerdeem a senger Äntwert net kommentéieren.

Da geet och iwwert d'Dauer vum Mandat vum Direkter rieds, ee Posten, deen no der Demissioun vum Jean-Paul Hoffmann nach ëmmer net besat ass. An engem Ännerungsprojet vum entspriechende Reglement Grand-ducal ass elo emol d'erneierbar Mandatsdauer op 7 Joer fixéiert, deen Text wier awer nach net ofgeseent, heescht et.

Vun nächster Woch u gëtt de Radio 100,7 jo vun enger Interimsdirektioun vum Nancy Braun a Michèle Vallenthini geleet, d'Personal gëtt an deem Iwwergangscomité duerch d'Mieke Krieps vertrueden.

Wat de Rekrutement vum neien Direkter ugeet, soll eng extern Struktur de CA an dëser Demarche begleeden.

Da geet an der Äntwert nach rieds iwwer d'Roll vum Chef de cabinet vum Xavier Bettel.

Vun engem Interessekonflikt vum Paul Konsbrück, esou wéi et den David Wagner freet, wëll de Medieminister näischt wëssen. Datt den Här Konsbrück Regierung-Commissaire bei CLT-Ufa wier, hätt keng Pertinenz an dësem Kontext. Och wier hien an dëser Funktioun net Member am CA, mä domat chargéiert, driwwer ze waachen, datt de Konzessiounsvertrag integral respektéiert gëtt. Dës Funktioun hätt also iwwerhaapt kee Lien mat den Aktivitéite beim Radio 100,7, sou de Medieminister a senger Äntwert op d'Froe vum David Wagner.

PDF: Réponse à la question N° 0023 (Question écrite) de Monsieur David Wagner, Député concernant Avenir de la radio socio-culturelle 100,7, par Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Communications et des Médias.

An enger éischter Versioun stoung, datt de Paul Konsbruck am Verwaltungsrot vum 100,7 setzt. Dat ass net de Fall. D'Journaliste vum soziokulturelle Radio haten an hirer Mediechronik virun de Chamberwale kritiséiert, datt de Chef de cabinet an de leschte Budgetsverhandlunge vum Radio 100,7 vertrueden an an engems un de Verhandlunge fir déi nei RTL-Konventioun bedeelegt war.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.