Schwéieren AccidentFra zu Féiz ugestouss, Affer uerg blesséiert

Wéinst engem schwéieren Accident géint 12.38 Auer huet d'Rue du Brill zu Féiz a Richtung Schëffleng vum Rondpoint u misse gespaart ginn.

© Police

Eng Foussgängerin gouf do ugestouss, wéi se iwwer d'Strooss goe wollt. Se gouf derbäi ganz uerg blesséiert a koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

© Olidom Multimedia


Um 17.00 war d'Strooss vun der Onglécksplaz ëmmer nach gespaar, ma misst mëttlerweil nees fir den Trafic op sinn.

Accident e Samschdeg zu Féiz (08.12.2018)
Eng Persoun gouf uerg blesséiert.


D'Deviatioun goung iwwert de Parking vum grousse Supermarché.

© Police