Internationalen MedienechoGratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg interesséiert déi hallef Welt

Op d'USA, Groussbritannien, Indien, Portugal oder Éisträich; d'Thema gratis ëffentlechen Transport schléit international héich Wellen.

Zënter deem de Regierungsaccord der Presse a domadder natierlech och der Ëffentlechkeet presentéiert gouf, ass Lëtzebuerg nawell e beléiftend Gespréichsthema am Ausland ginn.



Niewent der Legaliséierung vu Cannabis, déi zu Lëtzebuerg jo soll Realitéit ginn, ass et awer virun allem de gratis ëffentlechen Transport, deen nawell fir héich Wellen um internationale Plateau suergen.

Ënnert anerem a Portugal, wou de "Jornal de Notícias", eng Dageszeitung, iwwert de gratis ëffentlechen Transport beriicht.

Awer och an den USA, zum Beispill bei der "New York Times" oder der "Huffington Post", gouf iwwert de Grand-Duché geschwat. Ma och de Bernie Sanders hat sech op Facebook ganz erfreet iwwert dës Nouvelle aus Lëtzebuerg gewisen.




An Indien war et dann den "Indian Express", an Éisträich den "ORF" an d'"Frankfurter Allgemeine Zeitung" an Däitschland, déi sech fir dëse Punkt aus dem Accord vun der Lëtzebuerger Regierung interesséiert hunn.

An och a Groussbritannien ass de Couvrage vun de Medie grouss, hei hunn "The Guardian", d'"BBC", "Sky News" oder den "Independent" Artikelen iwwert de Sujet verfaasst.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.