MAT FOTOEN - MeteoDobaussen ass et déi lescht Deeg richteg ongemittlech!

An der Nuecht op e Sonndeg an um Sonndeg de Moien huet et plazeweis zerguttstert geblosen a gereent. Et huet also geheescht opzepassen!

Ongemittlecht Wieder: Vill Wand a vill Reen (09.12.2018)
An der Nuecht op e Sonndeg an um Sonndeg de Moien huet et plazeweis zerguttstert geblosen a gereent. Et huet also geheescht opzepassen!
Op ville Plazen uechtert d'Land gesouch een um Sonndeg de Moie Schëlter, déi ëmlouchen, Dreckseemeren, déi fortgeflu waren, a Clôturen a Panneauen, déi schif do houngen. Dat war d'Resultat vun der Nuecht op e Sonndeg, an där et plazeweis - wéi schonn an der Nuecht virdrun - nees zolidd gestiermt huet.

Zu Useldeng ware vun der Asta Wandstäerkte vu 94 km/h gemooss ginn, zu Beetebuerg 91 km/h, um Findel 80 km/h. Dat war an der Nuecht.

Ma e Sonndeg tëscht 10 an 11 waren zu Beetebuerg nach eemol 72 km/h gemooss ginn.

Zu Ell stoung e Sonndeg de Futtballsterrain ënner Waasser.

METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Dofir huet dann och de Match vum 13. Spilldag tëscht Ell a Pärel an der 2. Divisioun am 1. Bezierk missen ofgesot ginn.




Datt de Match um Sonndeg net ka gespillt ginn, hëlt d'Missioun Grottekick mat Humor.





Och d'Partie an den Aachtelsfinalle vun der Coupe Millebaach-Biissen gouf ofgesot.



Am Laf vum Sonndeg berouegt de Wand sech e bësschen, ma et wäert awer weider deels kräfteg reene bei 5 bis 8°C. Et sinn awer och mol dréche Phase méiglech.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.

E Sonndeg de Moie kuerz viru 7 Auer um Kierchbierg


Aussiichten

Déi nei Woch fänkt variabel u mat anstännege Schaueren, déi erofkomme kënne bei 5 bis 8°Celsius. Et sinn awer och méi laang dréche Phase méiglech, wou d'Sonn sech ka weise kommen.

Vun Dënschdeg u gëtt et méi dréche mat Sonn a Wolleken am Wiessel. Ganz vereenzelt kann awer nach eng Schauer erofkommen, dëst awer haaptsächlech am Norde vum Land bei 3 bis 6°C. D'Temperature ginn duerno nach zeréck, erreechen um Dënschdeg just nach 2 bis 5° C, dobäi ass et frëndlech.

Um Mëttwoch wiessele sech Sonn a Wolleken of, bei héchstens nach 4° C.

Den Donneschdeg leien d'Héchstwäerter just nach bei 1° C am Dag.

E Sonndeg de Moie géint 6.45 Auer am Rond-point Serra.