Um Samschdeg den Owend3 Persounen ugestouss, dorënner och e Kand

Zu Helsem an zu Déifferdeng gouf et Asätz fir de CGDIS, de Corps grand-ducal Incendie et Secours.

E Samschdeg den Owend géint 18.55 Auer sinn zu Helsem an der Dikrecher Strooss zwou Persoune vun engem Auto ugestouss ginn. Allebéid goufe blesséiert, esou de CGDIS a sengem Bulletin e Sonndeg de Moie fréi.

Op der Plaz waren zwou Ambulanzen aus der Stad, den Zenter vu Walfer an d'Police.

Kuerz drop, ëm 19.37 Auer, gouf och zu Déifferdeng een ugestouss. Betraff war hei e Kand, dat och blesséiert gouf. Geschitt ass dësen Accident an der Zolwer Strooss. Am Asaz hei eng Ambulanz vun Esch, den Zenter Suessem-Déifferdeng an d'Police.