FOTOEN - DéierbechBam rappt Stroumkabel erof, Stroum an e puer Dierfer ausgefall

D'Uertschaften Déierbech, Uewerwampech, Nidderwampech, Schëmpech a Schleef haten an der Nuecht op e Sonndeg e puer Stonne laang kee Stroum.

De Grond fir d'Elektrizitéitspann war e Kabel, dee futtigefuer war: E Bam war nämlech derwidder gefall an hat e mat no ënne gerappt.

Der Police no war dat kuerz virun 2 Auer zu Déierbech geschitt - an engem Bësch, wéi een op Fotoe vun de Wëntger Pompjeeën erkennt.

Wéi d'Stroumleitung kontrolléiert ausgeschalt war (géint 6.15 Auer), hunn d'Pompjeeën och déi kleng Brandneschter, déi deen Ament nach iwwreg waren, geläscht.

D'Elektrizitéit hat nämlech zu engem Feier gefouert.

© CIS Wëntger


Duerch de Virfall war et zu Kuerze komm an de Stroum war zu Déierbech an an den Nopeschdierfer ausgefall. Géint 5 Auer e Sonndeg de Moie war en awer nees do.

Blesséiert gouf bei deem Virfall keen, esou d'Police.

Déierbech: Stroumpann! (09.12.2018)
E Bam hat e Kabel futtigemaach, doropshi war et zu engem Brand komm. Biller vun de Wëntger Pompjeeën.


Op der Plaz: CIS Wëntger, CIS Clierf, d'Police an d'Creos.

© CIS Wëntger