Police melltGanzer 23 Abréch uechter d'Land

Queesch duerch d'Land gouf tëscht e Samschdeg 19 Auer an e Sonndeg 7 Auer relativ vill agebrach. D'Police krut 23 Abréch gemellt.

© AFP
An de meeschte Fäll goufe Suen a Bijoue geklaut. Bei engem Abroch zu Réimech goufen zwee Onéierlecher iwwerrascht, wéi se iwwer e Kullang erop op e Balcon geklotert waren. D'Männer si fortgelaf. Dem Zeien no hu si eng osteuropäesch Sprooch geschwat. Ee vun de Brigange gëtt beschriwwen als Mann vu wäisser Hautfaarf, deen 1,80 Meter grouss ass, eng Glatz an e Baart huet. Hie war den Ament vun der Dot schwaarz ugedoen.