Wie kennt dëse Mann?Mat geklauter Kreditkaart Suen opgehuewen

Am Februar 2018 huet ee Mann zu Mäertert an engem Akafszentrum ee Portmonni geklaut.

No der Dot huet den Déif mat der geklauter Kreditkaart op zwou verschiddene Plaze Suen opgehuewen. Well d'Police bis elo näischt iwwer d'Identitéit vum Mann weess, probéiert si elo, erauszefannen, wien de Mann ass an ass dobäi op d'Hëllef vun der Bevëlkerung ugewisen. Wien dës Persoun kennt oder wou si sech ophält, da kann ee sech bei der Police Museldall ënnert der Nummer 24471-200 mellen.