RäichelE Mann war an d'Atert gefall a konnt vun de Rettungsdéngschter gerett ginn

E Méindeg de Mëtteg war zu Räichel e Mann an d'Waasser gefall. Säi Bouf hat nach probéiert, en ze retten, mä huet awer missen d'Rettungsdéngschter ruffen.

Op der Plaz waren de Rettungshelikopter, d'Pompjeeën an d'Police.

Wéi RTL op Nofro vun der Police confirméiert krut, konnt de Mann gerett ginn. Et geet him gutt, e koum awer just fir eng Kontroll an d'Spidol.

Liewensgefor soll keng bestanen hunn, ma deen Ongléckleche war op enger Plaz am Waasser, aus där net esou liicht erauszekomme war.