VIDEO: Autonom AutoenFiktiven Accident, fiktiivt Uerteel

Et ass eng Premiere fir Lëtzebuerg, um Stater Geriicht war e Méindeg deen éischte fiktive Prozess an der Geschicht vun der Justiz.

Fiktiven Accident, fiktiivt Uerteel (10.12.2018)
Et ass eng Premiere fir Lëtzebuerg, um Stater Geriicht war e Méindeg deen éischte fiktive Prozess an der Geschicht vun der Justiz.

Et geet ëm een Accident mat engem autonome Gefier am Joer 2030, wou e Foussgänger ugestouss a blesséiert gouf. Studente vun der Uni Lëtzebuerg hunn dëse Prozess ënnert reelle Konditiounen duerchgefouert an e Riichter en Uerteel gefält.

Droit Studente vun der Uni Lëtzebuerg, déi am leschte Joer sinn, hunn an 3 Gruppen de Prozess preparéiert an e Méindeg plädéiert. 3 Parteie stounge viru Gericht: de Geschiedegte vum Accident, de Mann hannert dem Steier an den Autosconstructeur Deslar.

Wat géif geschéien, wann ee mat engem autonomen Auto en Accident huet? Ween ass responsabel? Esou ganz autonom Autoe sinn zwar nach net am Ëmlaf, ma et misst ee sech awer scho Gedanke maachen, wéi een se an Zukunft behandelt. E Méindeg gouf also dofir e fiktive Geriichtsprozess organiséiert. Dat vun der Associatioun vun den Assurancëgesellschaften, der ACA, an der Uni.lu.

Autonom Autoen um Geriicht - Reportage Sam Rume

Den Oflaf vum Prozess war net gestallt, ma d'Faite waren erfonnt, also den Accident an déi dra verwéckelt Leit. Domadder sollt d'Fro beäntwert ginn, wéi een e Problem vu muer mat de legalen Instrumenter vun haut géif behandelen. Viru Geriicht stoung dofir de fiktiven Här Müller. Deen hätt en Accident gehat, well e sech ze vill op säin autonomen Auto verlooss hätt. An deem Ament wéi den Auto him e Problem gemellt a gesot hätt, hie misst d'Steier erëmhuelen, hätt den Här Müller keng Gefor gesinn. Ma dowéinst wier den autonomen Auto an e Foussgänger gerannt.

Um Enn huet de Riichter de Chauffer fir schëlleg erkläert. Trotz Autonomie wier de Mënsch nach ëmmer responsabel a misst agräifen.

Et war déi éischte Kéier, datt zu Lëtzebuerg esou e Prozess nogespillt gouf. Ma dat wier e ganz nëtzlechen Exercice fir d'Geriichter vun der Zukunft, sou de Riichter Thierry Hoscheit.

Wat hei simuléiert gëtt, ass an Amerika deelweis scho Realitéit. Ëmmer méi autonom Autoe ginn do reell getest, a ware schonn an Accidenter verwéckelt, dräimol mat déidleche Konsequenzen. Dofir wier et zu Lëtzebuerg wichteg, d'Gesetzer am Viraus ze adaptéieren an de Rôle vun der Technologie kloer ze bestëmmen.

Ma de fiktive Prozess war och e flotten Exercice fir Studenten. Sou war et e Geriichtsprozess, wou am Fong jiddweree gewonnen huet. Ma et gouf och gewisen, wat fir rechtlech a moralesch Problemer mam autonome Fueren op eis waarden.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.