151km/h amplaz 90Buergermeeschter vu Betzder entschëllegt sech viru Geriicht

Um Stater Geriicht hat sech um Dënschdeg de Moien de Mann vun 43 Joer ze veräntweren, deen am Oktober op en Neits erwëscht gi war beim "Ze-séier-Fueren".

© RTL-Archiv
Viru knapp zwee Méint hat de Jean-François Wirtz am fréien Owend op der N1 151km an der Stonn um Tacho, do wou 90 erlaabt war. Well den Ugekloten am Dezember zejoert schonn e Protokoll wéinst ze héijer Vitesse kritt hat, sot de Riichter um Dënschdeg, dass de Mann mat méi enger héijer Strof wéi an där 1. Affär rechne misst.

Hie wéilt sech entschëllegen, waren déi 1. Wierder vum Beschëllegten. Hie wär ganz kloer am Feeler an hätt dat net däerfe maachen. Hie wär deen Owend a Verspéidung gewiescht, fir op eng Präisiwwerreechung an ze séier gefuer. Hien hätt säi Fuerstil awer geännert a géif probéieren, dee Feeler elo net méi ze maachen, sou den Ugekloten. Et wär deen Dag näischt geschitt, mä hien hätt Leit kënnen a Gefor bréngen, huet de Mann agesinn.

Doropshi sot de President vum Geriicht, et wär dat Wichtegst, d'Konsequenzen doraus ze zéien, well bei sou Vitesse séier eppes geschéie kéint. «D'Haaptsaach ass, dass dat hei eng 1. a lescht Kéier virkoum!», huet de Riichter dem Beschëllegten un d'Häerz geluecht. Dee sot nach, vill owes ënnerwee ze si mat senger «Niewebeschäftegung» als Buergermeeschter vu Betzder. Am Oktober hätt hien de Führerschäin och ofgeholl, an der Tëschenzäit awer zréck kritt.

Fir de Me Marc Lentz, Affekot vum Ugekloten, wär dee sech bewosst, ze séier gefuer ze sinn. Et kéint ee frou sinn, dass näischt geschitt ass, spréch keen Accident. Säi Client misst d'Lektioun aus där Affär zéien a bräicht säi Führerschäi fir d'Aarbecht, awer och als Gemengepapp.

Well de Mandant säi Fuerstil ugepasst hätt an asiichteg wär, sollt hie vu Circonstances atténuantes profitéieren, hien, dee bal ee Mount ouni Führerschäi war.

Dogéint huet d'Vertriederin vum Parquet betount, dass d'Vitesse, déi de Mann am Oktober drop hat, mol net op der Autobunn erlaabt wär. Et wär och net säin 1. Virfall an deem Sënn, well de Beschëllegten ewell eng Kéier 145 € hätt misse bezuelen. Da bräicht et mol kee Joer, «an da geschitt et erëm», huet d'Vertriederin vum Parquet ënnerstrach. Fir déi eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun 9 Méint, mat méiglechem deelweise Sursis, déi adequat Strofen heifir wären.

D'Uerteel ass fir den 20. Dezember.