CR153Automobilist mat Summerpneue flitt aus Kéier a bleift op der Säit leien

Géint 5.30 Auer ass e Dënschdeg de Mueren en Auto accidentéiert, spéider koum eraus, dass de Chauffeur nach ëmmer Summerpneuen um Auto hat.

Geschitt ass den Accident um CR153, wann ee vun Duelem a Richtung Méideng ënnerwee ass. An enger Kéier ass den Automobilist vun der Strooss ofkomm an ass schlussendlech an engem Rampli gelant an op der Säit leie bliwwen. Da Mann konnt ouni gréisser Problemer aus dem Auto erausgehollef kréien.



Éischten Informatiounen no soll de Mann liicht Blessuren dovunner gedroen hunn. Relativ séier huet d'Police festgestallt, dass de Mann nach ëmmer Summerpneuen um Auto hat.

D'Police erënnert nach eemol drun, dass et enorm wichteg ass am Wanter och Wanterpneuen op sengem Auto ze hunn.