D'Gemeng Sëll ass am TrauerDe Buergermeeschter Raoul Clausse ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen

De Raoul Clausse war zanter 2009 Buergermeeschter vun der klengster Gemeng am Land.

© Gemeng Sëll/Facebook

Hie war bei de leschte Kommunalwalen, am Oktober zejoert, op en Neits zeréckgewielt ginn.

Viru senger Zäit als Buergermeeschter war de Raoul Clausse Franséischproff am Lycée Technique école de commerce et de gestion.

De Raoul Clausse war bestuet an hat 6 Kanner. Hien ass um Dënschdeg un de Komplikatioune vun enger OP gestuerwen.

 

Är Condoleancen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.