VIDEO: Vu Gambia a PafenFrançois Bausch: "Net Gambia soen, mä CSV, DP an Déi Gré..."?

Et misst opgehale ginn, d'Regierung als "Gambia" ze bezeechnen, sou de François Bausch, deen dat mat der Terminologie vun de "Pafen" verglach huet.

Vu Gambia a Pafen (12.12.2018)
Et misst opgehale ginn, d'Regierung als "Gambia" ze bezeechnen, sou de François Bausch, deen dat mat der Terminologie vun de "Pafen" verglach huet.

Dat wier genee sou mann Respekt. D'Regierung wier demokratesch gewielt a legitiméiert. Et sollt ee vun "CSV, DP an déi Gr..." schwätzen. Hei huet de Minister ofgebrach a misse selwer laachen. "LSAP, DP an déi Gréng".

Ee klenge Lapsus an d'LSAP krut duerno vum Martine Hansen eng getässelt.

Wien dierf d'Wuert kréien?
Héich hier goung et iwwerdeems och um Krautmaart, wéi et ëm d’Kilometerpauschal an der Chamber goung an d’Opwerfe vun der Fro, wat mat den Diesel-Autoe geschitt.

Dunn huet den zoustännege Minister Bausch gemengt, missten d’Wuert ze kréien. Doropshi gouf et vill hin an hier an de Premier Xavier Bettel huet sech agemëscht.

Dat op der anerer Säit war der Oppositioun an do virop och dem Adr-Deputéierte Gast Gibéryen net gaang. Wann ee Minister géif äntweren, dierften d’Deputéiert 5 Minutte laang op dem Minister seng Interventioun, an dësem Fall dem François Bausch seng, reagéieren. Oder awer, et géif een et esou maachen, datt ee carrement dertëscht géif grätschen. De Premier hätt de Choix esou de Gast Gibéryen, deen drop verwisen huet, datt sech d’Deputéiert un d’Reegelen an der Chamber gehalen hunn, haut géif d’Regierung dat net maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.