Känguru-AffärADR-President: Froe vum Fernand Kartheiser am Sënn vun der Partei

"Mir waren eis eens driwwer, datt déi 4 Froe vum Fernand Kartheiser am Sënn vun der Partei sinn", sot de Jean Schoos am RTL-Interview.

Dat nodeems den Nationalcomité vun der Partei en Dënschdeg zesummekoum an ënnert anerem iwwert d‘parlamentaresch Froe vum ADR-Deputéierten diskutéiert hunn, déi jo d’lescht Woch an der Ëffentlechkeet fir vill Reaktioune gesuergt hunn.

Konkret ass et jo ëm en Theaterstéck fir Kanner gaangen. D'Buch "Ein Känguru wie du" setzt sech mat der Figur vun engem schwule Känguru mam Thema Homosexualitéit auserneen.

LINK: Méi doriwwer an eiser RTL-News vum 8. Dezember.

D’Partei wéilt sech net zu deenen Froe distanzéieren, wéilt just kloer stëllen, datt den Ausdrock vun, Zitat „natierlechen“ Famillje misst an de richtege Kontext gesat ginn.

"Den Term hätt zu enger Konfusioun dobausse gefouert, wier awer vläicht och mat Absicht e bësse falsch verstane ginn", sot de Jean Schoos, dee betount huet, datt et wuel éischter „biologesch“ hätt missen heeschen.

Fir de Rescht wier d’Partei der Meenung, datt d’Eltere matzedecidéieren hätten, ob an zu wéi engem Zäitpunkt hir Kanner an Theaterstécker geschéckt ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.