Alkoholkontroll zu GonnerengVu 261 Automobilisten haten der 13 gedronk

Op Uerder vum Parquet sinn e Mëttwoch den Owend zu Gonnereng op der Haaptstrooss Alkoholkontrolle gemaach ginn.

© RTL Archivbild

Tëscht 23 an 1 Auer an der Nuecht goufen 261 Chaufferen op der Haaptstrooss ugehalen an hu misse blosen.

13 Mol war den Test positiv a 5 Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn.