Konferenz vum MouvecoGeet dat: Wuelstand ouni Wuesstem?

De Professer fir Sozialpolitik, Max Koch, ass der Meenung, datt ee sozial- an ökologesch-Ongläichheete net getrennt kucken a léise kann.

Geet dat: Wuelstand ouni Wuesstem? (13.12.2018)
De Professer fir Sozialpolitik, Max Koch, ass der Meenung, datt ee sozial- an ökologesch-Ongläichheete net getrennt kucken a léise kann.
Wéi soll Lëtzebuerg wuessen? Eng vun de grousse Froen, ëmsou méi akut bei eis, well eise ganze Sozialsystem op héije Wuesstem opgebaut ass. Iwwert dëst Thema ass op enger aktueller Konferenz vum Mouvement Écologique diskutéiert ginn.

Geet dat: Wuelstand ouni Wuesstem? Nach kënne mir ons et schlecht virstellen, well d’Croissance esou e feste Bestanddeel vu Wirtschaft a Politik ass an esou déif an onse Käpp sëtzt. Ma mir sinn awer gezwongen, ëmzedenken, fir ze iwwerliewen, esou e Professer vun der schwedescher Uni Lund e Mëttwoch den Owend op enger Konferenz vum Mouvement Écologique. Firwat et esou dréngend ass a wéi een eng ökologesch Politik maache kann, ouni grad déi sozial schwaach ze penaliséieren, doriwwer huet d'Caroline Mart mam Max Koch geschwat.

Wat d’Gesellschafte méi räich sinn, wat se méi dreckeg sinn, seet den Expert, an d’Zäit leeft, eng Dose Jore bleiwen, fir am Kampf géint de Klimawandel entscheedend virzegoen, CO2 muss reduzéiert ginn!

De Max Koch: Wir reden hier in Größenordnungen von 50-60%, so dass es schlichtweg mathematisch, ich will nicht sagen unmöglich, aber sehr kompliziert wird, das mit Wachstum hin zu kriegen.

Mä wéi ass dat da mat onsem faméise qualitative Wuesstem? Kléngt gutt am Walkampf, näischt un der Croissance änneren an de Klima retten, geet awer net op!

De Max Koch: Da wir keinerlei empirische Evidenz haben, dass sich Wirtschaftswachstum von CO2 Emissionen absolut entkoppeln lässt, ist es eigentlich keine Alternative. Wir sind dann auf einer Art Selbstmordmission, wenn wir so weiter machen.

D'Ziler op Klima-Konferenze kléngen abstrakt, mä ee Grad méi oder manner ka scho Liewen oder Dout bedeiten.

De Max Koch: Schon eine Erwärmung von 4 Grad würde 70 % der Menschen tödlichem Hitzestress aussetzten, einen Artenverlust von 50 % bei 3 Grad, das kann man eigentlich nicht wollen.

Just wéi kann een déi néideg Kéier huelen, wa schonn ökologesch sënnvoll Steieren op Brennstoffer am Frankräich de radikalen Opstand vun de Gilets jaunes ausléisen. Fir de Max Koch gouf dat Ganzt falsch ugepaakt, de President Macron huet de Feeler gemaach.

De Max Koch: Ist dass er gleichzeitig die Reichen entlastet hat und eine ambitionierte Klimapolitik machen will, das wird nicht funktionieren.

All ökologesch Mesurë bréicht zwéngend sozial-Moossnamen, fir ze verhënneren, dass och déi sozial-Ongläichheete sech verschäerfen an déi méi aarm duebel bestrooft ginn! Am Fong misst net just de Wuesstem gebremst, mä och d’Verdeelung vum Wuelstand radikal iwwerduecht ginn, mat nieft Mindestloun engem Héchstakommen.

De Max Koch: Wir glauben sogar, das muss man so machen, anderenfalls wird man seine Wähler an die Rechte alternativen verlieren, die es natürlich auch gibt!

Déi enorm Erausfuerderung ass quasi, un alle Schrauwe gläichzäiteg ze dréinen, all Systemer nei ze denken, wéi mir produzéieren, consomméieren, schaffen, liewen a matenee liewen.

De Max Koch: Wofür wir leider keine historischen Vorlagen haben unter demokratischen Verhältnissen! Ich fürchte wir müssen es trotzdem versuchen, aber dass das Ganze ein schwerer Übergang ist und für viele dazu führen wird weniger materiellen Wohlstand zu haben, da sollte man sehr ehrlich sein!

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.