Adrien NeyBei der Luxair ass d’Branche „Airline“ e Verloschtgeschäft

2018 géif een däitlech méi Verloschter verzeechne wéi nach am Joer 2017. Dat sot de Luxair-Chef an engem Interview mam "Aerotelegraoph".

Vun engem reegelrechte Kampf schwätzt de Luxair-Chef Adrien Ney, fir hautdesdaags als Fluchgesellschaft iwwer Waasser ze bleiwen.

2018 géif een also méi Verloschter verzeechne wéi 2017.

Virun allem Bëllegfluchgesellschafte wéi Ryanair oder Easyjet hätten d'Situatioun verschlechtert, ma d'Luxair hätt eng dynamesch Präispolitik ëmgesat a géigesteiere kënnen.

Weider betount den Adrien Ney am Interview, dass ee misst d'Kapassitéit bei der Luxair an d'Luucht setzen, fir um internationale Marché d'Schlappen net ze verléieren. 2019 wäert d'Luxair dohier eng regulär Boeing 737 an eng weider Maschinn als Reserv bäikréien.

De ganzen Interview kann ee beim Aerotelegraph noliesen.