AstiDéi nei Regierung huet wéineg Ambitiounen a Saachen Zesummeliewen

D'Asti setzt sech jo dofir an, dass all d'Residenten ënnert de selwechte Konditioune bei de Walen deelhuele kënnen.

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

Asti iwwert de Koalitiounsaccord / Reportage Pierre Jans



Dat sot d'Asti, d'Associatioun déi sech fir d’Rechter vun den immigréierten Aarbechter asetzt, um Dënschdeg de Moien op hirer Pressekonferenz iwwert den neie Koalitiounsaccord. D'Froe ronderëm d'Integratioun wären an deem Pabeier nëmme marginal traitéiert. Nëmmen eng vun 235 Säite wär fir deem Sujet reservéiert. D'Méiglechkeet fir d'Net-Lëtzebuerger, un den Decisioune vum Land deelzehuelen, stéing nach ëmmer net wierklech zur Debatt, bedauert een bei der Associatioun. Zwar wär am Accord Rieds vun engem demokrateschen Defizit. Konkret Mesurë géifen awer net proposéiert ginn.

D'Asti setzt sech jo dofir an, dass all d'Residenten ënnert de selwechte Konditioune bei de Walen deelhuele kënnen. Mesurë fir d'Lutte géint Diskriminatioun, Rassismus an Xenophobie géif een an deem Regierungsprogramm och net fannen, bedauert de Porte-Parole Sérgio Ferreira vun der d'Asbl.

Laura Zuccoli© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg


An da géif nach een anere wichtege Punkt komplett feelen, sot d'Presidentin vun der Asti Laura Zuccoli. Et géif guer net vun de Frontaliere geschwat ginn, obwuel der ëmmer méi hei an d'Land kéimen. Si géifen 48% vun eiser Force de travail ausmaachen. Bei deenen Zuele misst ee sech jo awer sou lues Gedanke maachen, an net just wann et ëm Stauen op eise Stroosse geet. Si droe jo via d'Steieren och zum Räichtum vum Leit bäi, sou nach d'Laura Zuccoli.
D'Laura Zuccoli iwwert d'Frontalieren



E bësse Luef gouf et dogéint fir d'Immigratiounspolitik vun der neier Regierung. Ëmmerhi wär am Programm festgehalen, wéi wichteg d'Immigratioun fir d'Ekonomie vum Land wär. Positiv wär et och, dass Persoune mam Statut vum Refugié hir Famill kéinte bei sech huelen. Ferm Suerge mécht d'Asti sech awer iwwert de Budget fir e ganze Koup Projete fir d'Integratioun vu Refugiéen. Do géif d'Finanzement vun der OEuvre Grande-Duchesse Charlotte den Ament auslafen, ouni dass de Staat eng nei Evaluatioun gemaach hätt, esou nach d'Laura Zuccoli.

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg


PDF: Schreiwes vun der Asti

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.