Bréifdréieschkalenner 2019De beléifte Kalenner am Zeeche vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte

En Dënschdeg den Owend gouf um Siège vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte den neie Bréifdréieschkalenner virgestallt.

Joer fir Joer gëtt de Kalenner engem bestëmmten Thema gewidmet. Dëst Joer ass dat wéi gesot de 75. Anniversaire vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte. Dat wier keen Zoufall, seet de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem, wann ee wéisst, dass d'Bréifdréier eng laang an enk Relatioun mat deem Etablissement haten, well se uechter d'Land Lotterielouse verkaf hunn, aus deenen hirem Erléis di sozial Wierker vun der Gewerkschaft finanzéiert goufen.

Et goung der Bréifdréieschgewerkschaft drëm, de Kalenner an den Déngscht vun der wäertvoller Aktivitéit vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ze stellen an hir wichteg Roll z'ënnerstëtzen.

D'Grafiker Pit a Lex Weyer waren och dës Joer nees fir d'Gestaltung vum Kalenner verantwortlech an de Raymond Juchem huet hinnen a senger Ried en Dënschdeg den Owend Merci gesot fir déi flott Ëmsetzung.

Wéi gewinnt, fënnt een op der Récksäit vum Bréifdréieschkalenner déi eenzel Tariffer vun Enveloppen a Päck, déi ee verschécke wëll.

Déi Traditioun vum Kalenner gëtt et iwwregens schonn zanter 1880, deemools huet en nach Postkalenner geheescht.

De Kalenner gëtt elo verdeelt ... a vergiesst net, Ärem Bréifdréier fir Neijoerschdag ze wënschen ...


Presentatioun vum Bréifdréieschkalenner 2019

Ried Raymond Juchem

18. Dezember 2018

Dir Häre Presidenten, Directricen, Direkteren, Dir Dammen an Dir Hären a léif Kollegen,

Wéi d’Traditioun et wëllt, stellt d’Bréifdréieschgewerkschaft hire neie Kalenner um Enn vum ale Joer am Kader vun enger klenger Receptioun vir. Mir maachen dat haut um Siège vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, an dat aus guddem Grond.

De Bréifdréieschkalenner gëtt jo all Joer mat engem aktuellen Thema illustréiert. Dëse Postkalenner, wéi en emol eng Zäit och nach geheescht huet, ass eng Traditioun, iwwregens schonns zanter 1880, déi dann och mat Secherheet net méi aus eiser Gesellschaft ewech ze denken ass. Dobäi ass et eis ëmmer erëm gelongen, dem Bierger en Thema méi no ze bréngen, wat am jeweilege Joer eng interessant Roll gespillt huet.

Fir 2019 ass de Choix vun der Bréifdreieschgewerkschaft op de 75. Anniversaire vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte gefall.

Dat ass sécher keen Zoufall, wann ee weess, dass d’Bréifdréier zu Ärem Etablissement public eng laang Zäit eng enk Relatioun haten, well se uechtert d’Land Lotterielouse verkaf hunn, aus deenen hirem Erléis di sozial Wierker vun der Gewerkschaft finanzéiert goufen. Billjeeëe ginn och haut nach verkaf, mee d’Zäiten hu sech geännert, an d’Loterieslouse kann een haut ënnert anerem an Automate kafen a leider net méi beim Breifdreier. Jo, déi gutt al Zäit: esou wéi de Bréifdréier haut keng Billjeeë méi verkeeft, esou huet villes leider eng éischter negativ Tendenz geholl, wann een op d’Carrière vum Breifdreier zeréck kuckt.

Et louch fir ons also op der Hand, dass mer géifen de Kalenner, dee jo e ganzt Joer laang op ville Plazen aushänkt, an den Déngscht vun der wertvoller Aktivitéit vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte stellen an dee Kalenner dann och mat Iech an enker Zesummenaarbecht géife realiséieren. Et goung ons drëms fir di wichteg Roll, déi d’Oeuvre zanter hirer Grënnung op Chrëschtdag am Joer 1944 spillt, ze ënnerstëtzen, andeems mer hëllefen op Är sozial an all déi aner Aktivitéiten opmierksam ze maachen.

D’Aktivitéite vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ginn eis demno alleguerten eppes un. Als Bréifdréier si mir all Dag am Kontakt mat de Leit, esou dass mer wëssen, dass dës Aktivitéiten am ganze Land als wichteg ugesi ginn.

Wat sinn elo d’Aktivitéite vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ? Et ass eng Hellewull, a mir hu bei der Illustratioun di grouss Stéchwierder berücksichtegt: Social, Culture, Environnement, Mémoire a Sport-Santé. „Identifier et combler les besoins non couverts au sein de notre société“ beschreift dofir ganz gutt Är Approche, nämlech, dass et drëms geet fir do an eiser Gesellschaft ze intervenéiren, wou et Bedürnisser gëtt, deenen am allgemengen manner Rechnung gedroe gëtt. Dowéinst gëtt d’Oeuvre och héich respektéiert.

Et soll een och drunn erënneren, dass d’Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte um Enn vum 2. Weltkrich gegrënnt gouf, fir den Affer vum Krich ze hëllefen. Duerno sinn hir Aktivitéite méi breet ginn, an dat e.a am Beräich vun der Organisatioun an dem Finanzement vun der Philantropie an der Solidaritéit zu Lëtzebuerg. Zanterhier ginn allerlee gutt Wierker a Projetën finanzéiert an ënnerstëtzt, déi vu Fondatiounen an Associatioune gemaach ginn, an dat am Sozial- an Emweltberäich, an der Flüchtlingshëllef, an der Kultur respektiv am Sport.

Mat hiren Aktivitéiten dréit d’Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte deemno och zur nationaler Solidaritéit bäi.

Mir si natierlech frou, fir mat eisem Kalenner op Är räichhalteg Aktivitéite kënnen hinzeweisen.

Eis Grafiker Pit a Lex Weyer entwerfen an illustréieren de Bréifdréieschkalenner scho laang Joren, an ech mengen, et ass hinnen och dës Kéier erëm gutt gelongen, fir de Sujet an den entspriechende Message eriwwer ze bréngen.

Mat eisem Kalenner kënne mer natierlech nëmmen e symbolesche Bäitrag leeschten, also d’Leit, déi dëse Kalenner normalerweis e ganzt Joer iwwer doheem ophänken hunn, domadder fir Är Aktivitéiten  sensibiliséieren.

A mir wëllen mat dësem Kalenner der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte d’Unerkennung vun all de Bréifdréier an der Breifdreieschgewerkschaft zoukommen lossen.

Ech ginn dann elo och e bësse nostalgesch an denken u meng éischt Joren op der Post als Bréifdréier zeréck. Eemol am Mount war en Dag fest ageplangt, wou een an der Tournée d’Billjetën vun der Loterie nationale verkaaft hat. All Bréifdréier hat Lëschten, wou genee drop stoung wéivill Billjeetën mat wat fir Endzifferen d’Clientën wollten hunn. Gare la Box, du bass als Ersatzbréifdréier komm an du hues net di richteg Billjetën op den Dësch geluecht. Da war de Breifdreier am Endeffekt de Schëllegen, wa si bei der Auslousung net gewonn hunn.

Et gouf deemols nach nëmmen eng Zort Billjeetën. Haut deckt de Beräich Rubbelbilljeetën jo eng vill méi grouss Spart of, an di vill Apparater hunn d’Aarbecht vum Breifdréier iwwerholl. Deemols war de Verkaf vun den Billjetën fir de Breifdreier mat zousätzlecher Aarbecht verbonn, mee et war eng win/win-Situatioun fir de Bréifdréier, d’Oeuvre an awer och fir d’Gewerkschaft, well mir doduerch, wéi schonns gesot, eis sozial Wierker finanzéiert kruten.

Et war deemols awer méi flott, well ech, respektiv all di aner Breifdreier doduerch deen esou wichtege soziale Kontakt mam Client haten, op dee mir als Gewerkschaft dann och haut nach ëmmer hiweisen. De Breifdreier war ëmmer schonns  en Ambassadeur vun der Post. D’sozial Roll vum Bréifdreier, awer och de Métier u sech, hunn an de leschte Jore leider e bësse gelidden. Mir als Gewerkschaft zesumme mat de Bréifdréier, an awer och mat de Responsabele vun der Post, mussen dru schaffen, fir dass dat nees aanescht gëtt. De Breifdreier huet nach ëmmer säi Rôle an eiser Gesellschaft, an eiser Meenung no sollt een dowéinst och net nëmmen de Kritär vun der Rentabiliteit kucken, mee sech um Ausland orientéieren. De Mënsch kënnt an der heiteger Gesellschaft leider ëmmer méi dacks vill ze kuerz.    

Dat gesot, wëll ech der Generaldirektioun Merci soen, well sie nees den Drock vum Kalenner op eng generéis Manéier ennerstëtzt huet. Nei ass dëst Joer, dass d’Post eis gefrot huet fir op der Récksäit emol aner postalesch Informatiounen ze ginn. Dofir gëtt dëst Joer op dee wichtegen a clientsfrëndlechen Service vum PACKUP higewisen, mat deem d’Post dem Client am Alldag entgéint kënnt.

De Grafiker Pit a Lex Weyer, déi de Kalenner an de Kalendarium realiséiert hunn, an der Dréckerei Reka soen ech dann awer och Merci fir hir gutt Aarbecht. Dat selwecht gëlt fir all d’Bréifdréier, déi dëse Kalenner iwwregens matfinanzeieren, an déi d’Aarbecht vun der Verdeelung organiséieren. Net ze vergiesse natiirlech  d’Press, déi all Joer iwwert d’Presentatioun vum Kalenner informéiert.

Domat géif ech dann den 1. Kalenner vum Joer 2019 un den Här Bley an den Här Strasser iwwerreechen.