E Plus vu bal 28%2018 goufen et zu Lëtzebuerg 1.195 Faillitten

Dat ass am Verglach mam Joer 2017 e Plus vu bal 28%.

D’Zuel vun de Faillitte wier d’lescht Joer hei zu Lëtzebuerg op e Rekordchiffer geklommen, esou Kreditreform. Déi däitsch Agence, déi kuckt wéi kreditwürdeg Betriber sinn, zielt 1.195 Faillitte fir d’Joer 2018 an ee Plus vu ronn 28% par Rapport zum Joer virdrun.

Faillitten zu Lëtzebuerg/Reportage François Aulner


Eng beonrouegend Entwécklung an en traurege Rekord schreift d'Kreditreform e Mëttwoch a sengem Communiqué. D'lescht Joer wier d'Zuel u Faillitte vun 935 op 1.195 gewuess. Den héchste Stand zanter 2009, zanter déi däitsch Agence d’Zuel vu Faillitten hei am Land zielt. Bis elo louch de Rekord bei 1.033 am Joer 2012.

Eng beonrouegend Entwécklung gouf et schonn 2010, wéi 31% méi Faillitte gezielt goufe wéi 2009. Mat 29% méi d’lescht Joer par Rapport zu 2017 läit een net wäit ewech.

Wat 2018 betrëfft, notéiert Kreditreform, datt virun allem Firmen, déi méi wéi 5 Joer al waren, Faillite gemaach hätten. 78% vun all de Faillitten. D’lescht Joer waren et 68 %. Am Ufank vun den 2000er Jore wieren et 40 bis 45% gewiescht.

Weider wieren et haaptsächlech Firme mat manner wéi 3 Beschäftegten, déi betraff wieren.

A senger Analys féiert Kreditreform d’Hausse vun de Faillitten op strukturell Changementer zeréck, notamment am Handel. Dat obwuel d’Zuel u Faillitten am Secteur Commerce proportionell d'selwecht bliwwen ass. Mat bal dräi Véierel vun de Faillitten am Ganze bleift de Secteur vun de Servicer de Leader bei de Faillitten.

Et fält op, datt d’Zuele vu Kreditreform fir déi lescht Jore liicht iwwert deene vum Statec louchen, obwuel béid sech op d’Uerteeler vun de Bezierksgeriichter Lëtzebuerg an Dikrech baséieren.

Konkurse 2018_DE

2018 Statistik Konkurse Stand 31.12.2018

LINK: Zuele vum Statec


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.