EschFra krut Nues a Mond zougehalen a Posch geklaut

D'Police mellt ënnert anerem en Iwwerfall e Mëttwoch den Owend um 19.10 Auer an der Kanalstrooss zu Esch.

Eng Fra krut hei Nues a Mound zougehalen a gouf op de Buedem gestouss. Déi zwee Täter hunn hir Posch geklaut a sech duerch d'Bascht gemaach. D'Affer krut e Schock, eng Plainte ass gemaach.