Live! Planet PeopleNathalie Meier-Hottua, Clarence Devis a Melody Funck

E Freideg den Owend warendräi Invitéen am Live! planet people. D'Theme waren ënnert anerem d'Ekonomie, d'Paleo-Ernierung an den Online-Magazin SNOB.

Live! Planet People (11.01.2019)
D'Ekonomistin Nathalie Meier iwwert hirt Paleo-Buch, de Bodybuilder Clarence Devis iwwert de "MrOlympia"-Concours an d'Melody Funck iwwert de SNOB-Magazin.
D’Nathalie Meier-Hottua kennt ee virun allem als Ekonomistin (ë.a. Finanzwoch op RTL), mä si huet viru kuerzem och e Buch iwwert d’Paleo-Ernärung erausbruecht. Si huet dëse “Steenzäit”-Régime selwer ausprobéiert. De Verzicht op industriell Produiten hätt sech positiv op hir Gesondheet ausgewierkt, an als positiven Nieweneffekt hätt si och nach ofgeholl.

Fir de Clarence Devis wier Paleo-Ernärung net dat Richtegt. Hien ass Bodybuilder (108kg bei 1,67m) an huet säi ganz speziellen Ernärungsplang. De “Belgian Predator” trainéiert hei zu Lëtzebuerg an huet sech elo fir “Mr Olympia”, de wichtegste Bodybuilding-Concours weltwäit, qualifizéiert.

D’Fashion-Bloggerin a Fotografin Melody Funck (ënnert anerem op RTL You ze gesinn) huet elo hiren eegenen Online-Magazin lancéiert. “SNOB – Social Need of Belonging” kléngt op den éischte Bléck no engem iwwerflächlechen Titel. Mä ganz am Géigendeel: si wëllt Leit portraitéieren, déi sech trauen, aneschters ze sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.