Arméierten Iwwerfall zu BeetebuergVendeur wiert sech, d'Täter lafe fort

E Samschdeg am Nomëtteg koum et géint 16.30 dann nach zu engem Iwwerfall, dat an engem Geschäft zu Beetebuerg, an der rue de l'Indépendance.

Ee Mann ass an den hënneschten Deel vum Geschäft gaangen, wärend eng aner Persoun de Vendeur mat engem klenge Messer menacéiert an no Geld gefrot huet.

Ma de Vendeur huet sech dat net gefale gelooss an huet sech gewiert. Dobäi ass der Persoun d'Messer aus dem Grapp gefall a béid Täter hunn sech a Richtung Post ewech gemaach.

D'Persoune konnte bis elo net ermëttelt ginn, all Indicen oder Informatioune si fir d'Police vun Diddeleng, dat um 244691000.