CGDIS5 Blesséierter bei 4 Accidenter um Mëttwoch de Moien

Tëscht 6.20 an 8.48 Auer goufen et 4 Accidenter op eise Stroossen, an deenen et all kéiers Kollisiounen tëscht 2 Autoe gouf.

Géint 6.20 Auer waren op der A6 Zéissenger Kräiz Richtung Gaasperecher Kräiz 2 Autoen anenee gerannt, woubäi 1 Persoun blesséiert gouf.

Ëm déi selwecht Zäit sinn zu Lénger an der rue de la Libératioun 2 Autoen net laanschtenee komm. Heibäi goufen 2 Persoune verwonnt. D'Ambulanz vu Péiteng, den Asazzenter vu Käerjeng an d'Police waren op der Plaz.

Op der N11 Gonnereng -> Waldhaff gouf hat et géint 8.30 Auer gerabbelt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 8.50 Auer du gouf et en Accident op der A7 Tunnel Stafelter -> Waldhaff. Nees waren 2 Autoen am Coup an och hei gouf 1 Persoun blesséiert.