NEI FOTOEN A VIDEOENIwwer 30.000 Visiteuren op der Vakanzefoire

Dat huet d'Luxexpo-THEBOX e Sonndeg den Owend kuerz viru Schluss vun der dräi Deeg laanger Foire iwwer d'Reesen um Kierchbierg matgedeelt.

En zefriddene Bilan hunn d'Organisateuren e Sonndeg den Owend gezunn: Méi wéi 30.000 Visiteure wäre bannent 3 Deeg op d'Foire mat 230 Exposanten aus iwwer 20 Länner kucke komm. An och de Sujet "Fitcation", also aktiv Vakanz, wier gutt ukomm.

D'nächst Joer ass d'Vakanzefoire vum 17. bis den 19. Januar.

FOTOGALERIE: Famillenduell @ Vakanzefoire. Andréck vum Patrick Greis a Steve Müller.

Wéi a wat gëtt gebucht?
Ëmmer méi Lëtzebuerger buchen hir Vakanz méi fréi - dat well d’Leit am Verglach zu Last-Minute-Reservatiounen hir Rees wëlle sëlwer matgestalten. Besonnesch den Trend zu méi fréie Reesbuchunge fält op. D’Reservatioune fir de Summer hunn ewell schonn zejoert ugefaangen. D’Grënn sinn ënnert anerem eng besser Disponibilitéit an Offer vun Hotellen a Flich a méi gënschteg Präisser. Op en Neits wäerte Spuenien, Griichenland an Italien zu de wichtegste Vakanzendestinatiounen am Summer zielen. Wat Präisser ugeet, si vun deenen Destinatiounen besonnesch Griicheland an Italien méi deier.

Vakanzefoire: Spuenien, Griicheland an Italien am Trend (19.01.2019)
Emmer mei Lëtzebuerger buchen hir Vakanz méi fräi. Mir hunn mat Reesagencen ënnert aanerem iwwert déi beléifste Destinatioune vun de Lëtzebuerger geschwat.

Och Tiirkei, Ägypten an Tunesien kommen nees bei de Leit besser un.



Weider europäesch Destinatiounen, déi rezent ganz uewen op der Lëscht stoungen, ware Kroatien a Montenegro. Virun allem wéinst der Qualitéit vun den Hoteller an dem Klima. Och d’Vertrauen an déi Länner, déi an de leschte Jore vum Terrorismus oder politeschen Onroue geplot waren, geet nees an d’Luucht. An deene Länner géif et zënter zejoert eng positiv Entwécklung vum Sécherheetsgefill an de Präisser ginn, heescht et vun der Luxair.

De Vakanzebudget vu enger Lëtzebuerger Famill, dat heescht am Duerchschnëtt ëm déi 3 Persounen, fir eng Dauer vun 10 Deeg, läit bei 3.000 Euro.
Vakanzefoire 2019 / Reportage Maxime Gillen



D'Vakanzefoire ass den éischte grousse Rendezvous vum Joer an de Foireshalen. Wéi all Joer erwaarden d'Leit hei ronn 200 Stänn a Reesexperten.

D'Vakanzefoire huet e Freideg hir Dieren opgemaach (18.01.2019)
D'Vakanzefoire ass den éischte grousse Rendezvous vum Joer an de Foireshalen. Wéi all Joer erwaarden d'Leit hei ronn 200 Stänn a Reesexperten.


Fir den Tourismusminister Lex Delles war et e Freideg ee vu sengen éischten ëffentlechen Optrëtter a senger neier Funktioun.

So huet hien d'Dieren um 14 Auer mëttes opgemaach a knapps eng Stonn méi spéit waren d’Gäng tëscht de Stänn plazeweis scho schwaarz vu Leit.

Fir de Lex Delles ass et also déi éischt Foire als neien Tourismusminister. Wichteg ass him virun allem d’Promotioun vu Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun – an dat och fir Lëtzebuerger Touristen.

“Mir hunn am Mëllerdall zum Beispill mat de Wanderweeër, déi mir do hunn, eng grouss Attraktioun, wou och ganz vill Lëtzebuerger higinn. Mir wëllen och d’Lëtzebuerger erëm méi interesséieren, zu Lëtzebuerg selwer Vakanz ze maachen, och emol eng Nuecht do ze bleiwen oder eng bis zwou Wochen. Mir hu ganz flott Ecken an et gëllt déi weiderhin ze promouvéieren – och zu Lëtzebuerg.”

Deemno geet et dann och dëst Joer eng éischte Kéier e Stand vum Ministère, fir ze weisen, wat Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun ze bidden huet. Et soll awer fir jiddereen eppes derbäi sinn. Ob no oder wäit, mam Fliger, Bus, Zuch oder Camper, ob deier oder e bësse méi gënschteg – fir jiddereen ass eppes derbäi.

Ma firwat kommen d’Leit dann op d’Vakanzefoire? Déi eng komme kloer mat der Iddi, fir eng Vakanz ze buchen. Déi aner versichen, sech éischter z’informéieren, wou déi nächst Rees kéint higoen. Ma d’Stëmmung schéngt ze gefalen an deen een oder aneren ass och op der Sich no enger gudder Affär.

D'lescht Joer si bannent deene gutt 3 Deeg ronn 29.000 Visiteuren an de Foireshale passéiert. Dat waren der ronn 4.000 méi wéi nach dat Joer virdrun. Geet et esou weider wéi e Freideg de Mëtteg, dierft dëse Rekord dëst Joer nach eng Kéier geknackt ginn.



Lescht Preparatioune virun der Vakanzefoire
D’Expo Vakanz zitt all Joer op en Neits dausende Leit aus dem In- an Ausland un a presentéiert op méi ewéi 17.000 Quadratmeter dat Neist aus der Tourismusbranche. E Freideg den Owend geet et also lass an en Donneschdeg sinn d’Preparatioune nach op Héichtoure gelaf.

Prett fir an d'Vakanz? (17.01.2019)
Et ass mat ee vun deene wichtegsten Rendezvouse vum Joer an der Luxexpo The Box.


Bilan vun der Luxexpo
Die VAKANZ 2019 begeisterte alle Generationen!

Die 28. Ausgabe der VAKANZ-Messe geht heute Abend um 19 Uhr zu Ende und zählt mehr als 30 000 Besucher. An drei Tagen konnten sich die Besucher ausgiebig informieren und erste Reservierungen bei den 230 Ausstellern tätigen, die etwa 20 Länder und viele tausende Reiseziele im Angebot hatten. Das Messethema 2019 "Fitcation" – also aktiver Urlaub, der sportliche oder kulturelle Aktivitäten optimal mit Entspannung verknüpft – war ein großer Erfolg und Teil des Angebots von etwa der Hälfte aller Aussteller.

Auch die Sonne nahm an der Messe teil, sogar in den Hallen! Die Pavillons der Aussteller waren stets gut besucht. Aber das sicherste Anzeichen für den Erfolg dieser Messe sind die zufrieden lächelnden Besucher: Sie verbrachten angenehme Stunden auf der Messe, erfreuten sich an den Animationen, am abwechslungsreichen Gastronomieangebot, an den originellen Shows und an den von Luxexpo The Box und den Ausstellern sowie Partnern angebotenen Gewinnspielen. Für jede Generation und jeden Geschmack war etwas Passendes dabei.

"Nach der großen Eröffnungsfeier vor zwei Tagen kann ich heute Abend zufrieden sagen, dass wir unsere zahlreichen Besucher sowohl mit dem Konzept der Messe, also dem Informieren und Amüsieren, als auch mit dem großen Angebot unserer Reisespezialisten wunschlos glücklich machen konnten", erklärt Morgan Gromy, Geschäftsführer von Luxexpo The Box. Er fügt hinzu: "Die VAKANZ-Messe unterstreicht jedes Jahr aufs Neue ihren unersetzlichen Charakter und behauptet ihre Position als größte Urlaubsmesse in der Großregion."

Die Planung der Ausgabe 2020 läuft schon in vollen Zügen. „Wir denken bereits über das Motto nach, an dem sich die Messe nächstes Jahr orientieren wird", verrät Morgan Gromy. Für die nächste Ausgabe mit vielen neuen Überraschungen werden die Besucher von Freitag 17. Januar bis Sonntag 19. Januar 2020 bei Luxexpo The Box erwartet.


Schreiwes vum Ministère
Le ministre du Tourisme, Lex Delles, à l'ouverture du salon «Vakanz» (18.01.2019)

Communiqué par: ministère de l'Économie

En date du 18 janvier 2019, le ministre du Tourisme, Lex Delles, a officiellement inauguré le salon «Vakanz» qui est le plus important événement de la Grande Région dédié aux voyages et au tourisme en général. Axée autour du thème «vacances actives, bien-être et détente», l'édition 2019 du salon est ainsi en ligne avec les atouts touristiques du Luxembourg. Le tourisme actif, notamment le vélo et la randonnée pédestre, font partie des piliers de la promotion du Grand-Duché en tant que destination touristique de qualité. L'actuelle restructuration des 5.000 km de sentiers pédestres et l'amélioration de leur liaison avec les structures d'hébergements, de restauration et de tourisme contribuent à renforcer le positionnement du Luxembourg dans le domaine du tourisme actif.

Avec plus de 3 millions de nuitées enregistrées en 2017 au Luxembourg, le secteur du tourisme se porte bien. S'appuyant sur la professionnalisation des structures touristiques menée dans le passé, le développement du secteur touristique sera soutenu dans les années à venir grâce à une politique de soutien, de promotion et de professionnalisation. Dans une perspective d'optimisation de l'offre, le ministère de l'Économie soutient activement l'investissement continu dans les infrastructures, ainsi que les attractions touristiques du pays, tout en mettant l'accent sur les concepts durables et en valorisant les produits régionaux.

Lors de son allocution, le ministre du Tourisme, Lex Delles, a dit: «Afin de développer le secteur, le réseau des infrastructures touristiques, notamment celui des sentiers nationaux de randonnée et des pistes cyclables, doit être continuellement développé et adapté aux besoins des visiteurs. Le tourisme durable régional m'importe particulièrement. Le maintien et l'extension des capacités d'hébergement sous toutes ses formes en constitue un défi majeur.»

Le Luxembourg est représenté au salon «Vakanz» avec un tout nouveau stand qui permet aux visiteurs de découvrir la variété ainsi que les atouts de l'offre touristique nationale et ses principaux acteurs.

La 28e édition du salon annuel «Vakanz» qui se tient à Luxexpo The Box à Luxembourg/Kirchberg se déroule du vendredi 18 au dimanche 20 janvier 2019.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.