Police BulletinE puer Automobilisten haten nees ze vill gedronk

Kuerz no Hallefnuecht gouf et zu Bierchem een Accident. De Schëllege Chauffeur hat ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn.

© AFP (Archiv)

De Mann war zu Bierchem ënnerwee, ier et op der héicht vun enger Kräizung zu engem Accident komm ass. De Chauffeur wollt nämlech an d'Léiwenger Strooss abéien, wéi e sech vun engem aneren accidentéierte Gefier oflenke gelooss huet a mat engem Auto, deen him entgéint komm ass, zesumme geknuppt ass. Kee vun de Leit, déi an den Accident verwéckelt waren, gouf blesséiert. D'Autoe hunn allerdéngs missen ofgeschleeft ginn. De schëllege Chauffeur huet däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum gewisen an huet missen een Test maachen. Opgrond vum Resultat gouf de Führerschäin agezunn.  

An der Nuecht op e Samschdeg goufen dann nach op 4 weidere Plaze Permisen ofgeholl. Enger Patrull war op der Streck tëscht Mutfert a Méideng eng Camionnette opgefall, déi am Zickzack gefuer ass. D'Fra hannert dem Steierrad huet sech engem Alkoholtest missen ënnerzéien a war duerno de Permis lass, well den Héchstwäert däitlech iwwerschratt gi war. Da gouf um 4.30 Auer zu Ettelbréck een Auto mat 3 Persounen ugehalen, well och dësen am Zickzack gefuer ass. Och hei war de Permis op der Plaz fort. Zu Esch war ee Mann alkoholiséiert hannert dem Steierrad ageschlof. De Motor vum Auto war un an d'Gefier stoung deels an der Strooss. De Mann huet uginn e wär midd gewiescht an hätt ze vill gedronk an hätt dofir kuerz geschlof. Och hien ass de Führerschäin lass.   

Zu Steebrécken war ee Mann ze vill séier ënnerwee. Och hien huet säin Auto misse stoe loossen.

Wéi den 112 mellt, gouf an der Nuecht op e Samschdeg kuerz no Hallefnuecht bei engem Accident op der Saarautobunn eng Persoun blesséiert. An Direktioun Schengen am Tunnel Mondorf waren zwee Autoen aneneegerannt.

Zu Simmer an der Strooss Laangefuert hat et dann nach gebrannt. Géint 23 Auer e Freideg den Owend hat hei en Daach Feier gefaangen.