CGDIS1 Accident, 1 Auto a Flamen an e Containerbrand

Ee Blesséierte gouf et e Sonndeg den Owend géint 21.45 Auer an engem Accident zu Diddeleng an der Näerzenger Strooss. Een Auto hat sech do iwwerschloen.

Géint 18.15 Auer war op der Areler Autobunn Direktioun Arel een Auto a Brand geroden. Wéi de CGDIS um Méindeg de Moie mellt, wier kengem eppes geschitt.

Zu Déifferdeng an der Rue Woiwer hat et e Sonndeg den Owend kuerz no 23 Auer an engem Container gebrannt.