Invité vun der Redaktioun (22. Januar) - Mylène BianchyWann ee sozial wëll sinn, hätt een un anere Schrauwe missen dréinen
En Dënschdeg de Moie war d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Mylène Bianchy (22.01.2019)
En Dënschdeg de Moie war d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy eis Invitée vun der Redaktioun.„Hei gëtt eng Sozialpolitik virgegaukelt, an op eng anstänneg Infrastrukturpolitik gepecht...“
Wann ee sozial wëll sinn, hätt een un anere Schrauwen missen dréinen. Där Meenung ass d‘Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy, déi en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun war, a Punkto gratis ëffentlechem Transport.
D’Eisebunner-Gewerkschaft freet sech, firwat hei elo eppes iwwert de Knéi muss gebrach ginn, wou keng Demande vu baussen do ass.
D’CFL géifen an déi gréisste Phase vu Chantieren trieden, déi et bis ewell gouf, an déi, wéi de Minister Bausch et nennt, sozial Mesuren elo musse per force bannent engem gudde Joer ëm ze setzen, géif kee Sënn maachen.
D’Ausso, dass kee Personal duerch de gratis ëffentlechen Transport soll ofgebaut ginn, gesäit d’Mylène Bianchy skeptesch.
Dat wier eng politesch Ausso, an eng Moment-Opnam.
De Syprolux géif méi wäit, wéi just eng Legislaturperiod denken, a mengt, dass verschidde Beruffsbiller riskéiere géifen ze verschwannen.
De François Bausch sot e Méindeg, et wier d’Kiischt um Kuch vun der Sozialpolitik.
D’Mylène Bianchy mengt, dass wann de Kuch bis gebak ass, d’Kiischt riskéiert verdréchent ze sinn...
Invité vun der Redaktioun: Mylène Bianchy |
De Comité des usagers vum Transport ass och relativ skeptesch, wat de gratis ëffentlechen Transport ugeet. Si funktionéieren als Plattform fir den Austausch un Informatiounen iwwer Organisatioun- a Functionnementsfroe vum ëffentlechen Transport.
Hire President, de Jean Roilgen bedauert, datt déi berodend Funktioun vum Comité des usagers guer net gefrot gouf, vue datt et eng Decisioun vun der Regierung ass. Donieft hätt een awer och nach eng ganz Partie aner Bedenken:
Extrait Jean Roilgen |
Dem Jean Roilgen no sinn d'Leit gedeelter Meenung, wat d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ugeet.
De President vum Comité des usagers fäert ënnert anerem, datt an Zukunft Strummerten d'Geleeënheet notzen, fir sech permanent an den Zich opzehalen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.