Reaktiounen no Etüd vun EurostatAarmut bei Jonken war Sujet an der Aarbechtskommissioun

Nëmme jonk Rumänen sollen nach méi staark vun Aarmut an der EU betraff sinn. An der zoustänneger Kommissioun war dëst Sujet e Mëttwoch.

Jonk "Working Poor" zu Lëtzebuerg (23.01.2019)
Nëmme jonk Rumänen sollen nach méi staark vun Aarmut an der EU betraff sinn wéi zu Lëtzebuerg. An der Aarbechtskommissioun war dëst Sujet e Mëttwoch.

Den Aarmutsrisiko bei de Jugendleche war e Mëttwoch ënnert anerem Sujet an der Commission du Travail an der Chamber. Dat nodeems Eurostat eng nei Etüd publizéiert huet an där Lëtzebuerg op Plaz 2 läit, wat d'Aarmut bei Jonke betrëfft. Donieft huet den Aarbechtsminister Dan Kersch den Deputéierten d'Haaptpunkten aus dem Regierungsprogramm presentéiert. Eng Presentatioun, déi d'Oppositioun net wierklech begeeschtert huet.

Aarbechtskommissioun - Reportage Claudia Kollwelter

Dem Marc Baum vun déi Lénk feelt et am Programm vun der Regierung u kloren Akzenter. Wat den zousätzleche Congésdag ugeet, misst een zum Beispill nach ofwaarden, wéi dat konkret ausgesi wäert. Am Moment wier et am Regierungsprogramm esou annoncéiert, dass déi aktuell Kollektivverträg net drënner falen. Leit aus dem Bausecteur zum Beispill, déi 27 Deeg Congé hunn, kréie keen Dag méi. Genee sou bleift de Status Quo och bei Leit, déi prekär beschäftegt sinn. Fir de Marc Baum eng Enttäuschung.

D'CSV ass am Prinzip mam zousätzleche Congésdag d'Accord, huet awer och verschiddene Bedenken. Den Deputéierten Aly Kaes betount, dass virun allem de Spillraum fir d'Sozialpartner géif vill méi kleng ginn, wann een iwwert d'Gesetz fiert.

D'Accord ass déi gréissten Oppositiounspartei och mam neie Feierdag den 9. Mee. Hei misst allerdéngs och un de Contenue vum Europadag geduecht ginn. Deen Dag sollten de Bierger nämlech europäesch Theme méi no bruecht ginn, ähnlech wéi dat fir Nationalfeierdag och ass.

Wat d'Bekämpfe vum Aarmutsrisiko bei Jonken ugeet huet den zoustännege Minister Dan Kersch betount datt eng konkret Mesure d'Erhéijung vum Mindestloun wier. Jonker vun 18 Joer un kënnen dann och vun deem Mindestloun profitéieren.

De Marc Baum vun déi Lénk begréisst, datt de Mindestloun an d'Luucht geet, gëtt sech allerdéngs net mat den 0,9% zefridden. Dat wier him no esou ridicule wéineg, dass een net wierklech vun enger struktureller Erhéijung schwätze kéint.

Wat d'Bekämpfung vum Chômage ugeet, huet den Aarbechtsminister nach den Appell gemaach, datt ee weider op d'Formation continue opbaue muss. Vue datt d'Aarbechtswelt sech permanent a séier verännert, wier et fir d'Betriber an d'Salariéeë wichteg, sech kënne weider ze forméieren. Heifir soll dann och eng gesetzlech Basis geschaf ginn, huet den Dan Kersch nach betount.

Dem Eurostat no läit Lëtzebuerg, wat den Aarmutsrisiko bei Jonke betrëfft, op Plaz 2
Wéi Eurostat en Dënschdeg a senger neister Etüd publizéiert huet
,
géife jonk Lëtzebuerger besonnesch staark vun Aarmut betraff sinn. EU-wäit läit de Grand-Duché hei op der 2. Plaz. Betraff sinn der Etüd no virun allem Leit tëscht 18 a 24 Joer, déi schaffen an trotzdeem finanziell schlecht dru sinn.

© eurostat


20% vun de jonke Lëtzebuerger géifen Eurostat no de Risk lafen, an d'Aarmut ze rutschen. Méi schlecht schneit just nach Rumänien of, hei läit ee bei 28,2%. Hannendru kommen Dänemark, Spuenien an Estland. An Tschechien läit de Risk mat 1,5% iwwregens am déifsten.

Eurostat no ass eng Persoun vun Aarmut betraff, wann ee manner wéi 60% vum duerchschnëttlechen Akommes zu Lëtzebuerg netto zu Verfügung huet.

Reaktioun vum Robert Urbé vun der Caritas

Zur Risikogrupp zielt Eurostat zu Lëtzebuerg all Jonken, deen am Mount mat manner wéi 1800 Euro muss eens ginn. An dat bedeit dacks e Liewen um Rand vun der Gesellschaft, wéi de Robert Urbé vun der Caritas erkläert: “Dat seet jo dann aus, et huet ee manner wéi 60 Prozent vun deem wat d’Leit normalerweis hunn an doduerch ass een net méi an der selwechter Kategorie, et kann een sech net dat selwecht leeschten, et kann een eventuell net am selwechte Veräi matmaachen, et kann een net dat maachen, wat aner Leit maachen a kann sech dann eventuell doduerch ausgeschloss spieren. Et ass méi dat, wéi dass et elo wierklech materiell Aarmut ass.”

De Robert Urbé mat Erkläerungen

Wierklech iwwerrascht huet de Robert Urbé dës Statistik awer net: “Sou ganz iwwerraschend ass dat net onbedéngt. Et ass vläicht éischter méi iwwerraschend, wéi et an anere Länner ass, déi elo net onbedéngt ganz vill verschidde vun eis sinn. Also dass et an Däitschland, Frankräich, der Belsch sou vill manner ass, dat ass éischter méi iwwerraschend, hunn ech elo fonnt, wéi elo déi Zuel, déi fir Lëtzebuerg do steet.”

De Robert Urbé iwwerrascht et net

Effektiv sinn et an der Belsch just 9,4 Prozent, a Frankräich 10,6 Prozent an an Däitschland 12,6 Prozent vun de jonke Salariéeën, déi riskéieren an d’Aarmut ze falen.

Déi europäesch Moyenne läit bei 11 Prozent an domat bal hallef sou héich wéi am Grand-Duché.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.